Den Nintendo-Klassiker huet e Sonndeg fir 1,56 Milliounen Dollar am US-Bundesstaat Texas de Besëtzer gewiesselt.

Et ass déi éischte Kéier, dass e Videospill fir iwwer eng Millioune verkaf gouf. Eréischt virun 2 Deeg ass d'Videospill "The Legend of Zelda" aus dem Joer 1987 verkaf ginn, och fir e Rekordpräis vun 870.000 Dollar - ëmgerechent 732.000 Euro.

Béid Spiller goufen am Auktiounshaus "Heritage Auctions" versteet. Zu den 2 Keefer goufe keng Detailer verëffentlecht.