Op LEGO IDEAS kënnen d’Fans vu LEGO reegelméisseg Iddie fir nei Sets areechen an op en groussen Echo vun der LEGO-Community hoffen.

Wann dësen Echo ganzer 10.000 Zoustëmmungen ëmfaasst, da versprécht LEGO sech mat der eragereechter Iddi ausenanerzesetzen. Genee dat ass viru kuerzem bei engem Set zu "The Legend of Zelda: Breath of the Wild" geschitt.

Et besteet deemno eng ganz kleng Chance datt d’Fans vun The Legend of Zelda iergendwann an de Genoss kéinte kommen d’Schlass Hyrule mat LEGO-Steng nozebauen. De User BrickGallery, deen d’Iddi eragereecht huet, huet fir säi Schlass Hyrule ganzer 2500 Lego-Steng benotzt. Dobäi soll d’Schlass op der Récksäit oppe si fir datt d’Kanner och an de Genoss komme kënne fir mam Schlass richteg spillen ze kënnen. Doriwwer eraus sollen an dësem Set och véier Figuren aus dem Zelda-Universum erëmzefanne sinn. Nieft dem Link an der Prinzessin Zelda sollen och eng Garde vum Schlass an en Bokolin, ee vun de Géigner aus dem Zelda-Universum, mat dem Set matgeliwwert ginn.

RTL

© LEGO IDEAS

LEGO huet iwwerdeems dräi Fotoen héichgelueden, wéi d'Set vum User BrickGallery duergestallt kéint ginn. Des Fotoe kënnt Dir Iech an der Galerie ukucken.

Laut Experten huet d’Set allerdéngs nëmmen eng kleng Chance offiziell verëffentlecht ze ginn. Dëst wier virun allem op d’Lizenze vum The Legend of Zelda-Franchise zeréckféieren. D’Lizenze kéinten engersäits ze deier fir LEGO ginn an anerersäits geet Nintendo mat der Lizenz zu Zelda en bësse stiefmütterlech em soudatt et dorunner scheitere kéint. Allerdéngs ass d’Kooperatioun tëscht LEGO a Super Mario en risegen Erfolleg soudatt een ëmmer nach hoffe kann eng Kéier d’Schlass Hyrule am LEGO nozebauen.

RTL

© LEGO IDEAS

Géift Dir Iech d'Schlass Hyrule kafen oder gesitt Dir esou Kooperatiounen éischter negativ? Loosst eis et mat engem Commentaire wëssen.