En Donneschdeg den Owend goufen an enger klenger Nintendo Direct déi éischten Zeenen aus dem neie Film mam Blechschléier aus dem Pilzkinnekräich gewisen.

Dobäi kruten d'Fans dräi Zeenen ze gesinn: An der éischter Zeen gräift de Kinnek vun de Koopas, de Bowser, mat sengem Schluechtschëff an enger Armada vu Koopas eng Festung an enger Schnéilandschaft un, an där Pinguine wunnen. Dës wëllen de Bowser mat Schnéiklatzen dovunner ofhalen, datt hien d'Festung vun de Pinguinen anhëlt an domadder och der Power-Stär klaut.

An der zweeter Zeen gesäit een de Mario, deen nodeems e vu Champignon zu Champignon gefall ass, mat engem Toad Bekanntschaft mécht. Mat dësem mécht hie sech kuerzerhand op d'Rees, fir de Kinnek Bowser ze bekämpfen a fir seng béis Pläng ze stoppen.

An der leschter Zeen gesäit een dem Mario säi Brudder, de Luigi, deen an enger däischterer a grujeleger Zeenerie probéiert viru Knochentrocken ze flüchten an, dee sech an enger Grujel-Villa verstoppt.

De ganzen Trailer kënnt Dir Iech op Englesch hei ukucken:

Iwwerdeems ass och scho gewosst, wéini de Film a verschiddene Länner an de Kino komme soll. Esou soll de Film an den USA de 7. Abrëll 2023 an de Kino kommen. A Japan soll de Film réischt den 28. Abrëll 2023 op den Ecranen ze gesi sinn. A Frankräich kënnt de Film den 29. Mäerz 2023 an de Kino, wärenddeem en an Däitschland schonn dräi Deeg éischter, nämlech den 23. Mäerz 2023 ze gesinn ass. Wéini een zu Lëtzebuerg de Film kucke goe kann, ass iwwerdeems nach net gewosst.