Ass d'Auer vu CASIO eng Referenz un dat klassescht Super-Mario-Bros.-Spill esou dréint sech bei den TAG-Heuer-Aueren alles ëm Mario Kart.

Am Kader vun der G-SHOCK-Serie vun de CASIO-Auere verëffentlecht CASIO den 8. November eng nei Auer am Super-Mario-Bros.-Design. D'Auer, déi an engem nostalgeschen Emballage dohierkënnt, fält virun allem duerch déi rout Faarf an duerch déi kleng verstoppte Referenzen un dat éischte Super-Mario-Spill op. De Präis vun der Auer fält mat 149€ fir eng CASIO-Auer relativ héich aus, mä et ass dovunner auszegoen, datt d'Auer am Wäert bei de Sammler klamme wäert. Am follgenden Trailer kënnt Dir Iech nach eng Kéier vun der Auer iwwerzeege loossen:

De Schwäizer Hiersteller vu Luxusaueren TAG Heuer huet an enger Kollaboratioun mat Mario Kart iwwerdeems zwou Aueren am Oktober op de Marché bruecht. Dës Auere goufen an der TAG-Heuer-Formula-1-Serie verëffentlecht. Déi éischt Auer, déi op de Marché komm ass, héiert op den Numm "TAG Heuer Formula 1 x Mario Kart Chronograph-Auer". De Präis vun dëser Auer beleeft sech op 4.300 US-Dollar an domadder ass se déi méi bëlleg Auer an der Serie. Dëst Konschtstéck kënnt Dir Iech op dësem Bild eng Kéier méi genee ukucken:

RTL

© TAG Heuer / Nintendo

Bal sechs Mol méi deier ass d'"Chronograph Tourbillon Limited Edition-Auer" vun TAG Heuer. Och si kënnt am Mario-Kart-Design dohier. Fir 25.600 US-Dollar kann dëst Schmockstéck de Besëtzer wiesselen. Wie sech nach net sécher ass, ob e sech d'Auer zouleeë soll, dee ka sech am follgenden Trailer dovun iwwerzeege loossen: