2245 Euro konnte fir de gudden Zweck gesammelt ginn

© LGX Arena
Vum 15. bis de 16. Abrëll konnte Videospillfans um Campus Geesseknäppchen un der "LGX Arena Charity LAN" participéieren a Sue fir de gudden Zweck sammelen.
D'Evenement, dat am Ganze 26 Stonne gedauert huet, gouf dobäi vollstänneg via Twitch iwwerdroen, sou datt jiddwereen d'LAN an déi verschidde Videospill-Turnéiere live verfollege konnt. Am Ganzen hunn 100 Spiller a Spillerinnen um Evenement deelgeholl an et ware méi wéi 100 Spectateuren an der Hal erëmzefannen. Um Internet-Stream hu sech méi wéi 2.500 Leit déi ënnerschiddlech Turnéieren ugekuckt.
Op de Säite vun den Organisateuren, esou heescht et an engem Communiqué, wier een extrem frou iwwert de Verlaf vun der éischter Editioun vun dësem Evenement. Et wier een houfreg drop, datt een esou vill Spiller a Spillerinnen aus dem Grand-Duché op engem Fleck hätt kéinte versammelen an esou e risegt Gaming-Event konnt lancéieren. Freeë géife si sech och iwwert d'Zomm u Spenden, déi wärend der Charity LAN zesummekomm wieren, heescht et weider. Esou konnt een an de 26 Stonne ganzer 2.245 Euro sammelen, déi een elo un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner spende géif.
Opgrond vum positive Retour vun all de Participanten a vum groussen Echo um Internet, géif een och an Zukunft alles dorunner setzen, fir an deenen nächste Joren esou eng Charity LAN op d'Been ze stellen.
Hei nach e puer Andréck vum Event: