No laangem hin an hier
Microsoft keeft Spillproduzent "Activision Blizzard"

© CELAL GUNES ANADOLU AGENCY Anadolu Agency via AFP
Mat dësem Deal gehéieren elo Spiller wéi "Call of Duty", "Overwatch", "World of Warcraft" oder och "Candy Crush" dem Softwaregigant.
Ënner anerem produzéiert Microsoft jo och d'Spillkonsol "Xbox". No laangem hin an hier hu béid Entreprisen elo bekannt ginn, datt ee sech op en Deal eenege konnt, dat schonn e puer Stonnen, nodeem ee gréng Luucht vun de britteschen Autoritéite fir dës Kaf krut.
Bedingung vun de britteschen Handelsopsiicht war awer, datt en Deel vun de Cloud-Gaming-Rechter un d'Spillfirma Ubisoft muss goen.
Am meeschte gelies