Méi Detailer réischt am Abrëll
Endlech offiziell: Nintendo annoncéiert d'Switch 2 fir 2025
An engem éischten Trailer huet Nintendo um Donneschdeg de Successeur vu senger erfollegräicher Switch-Konsol mam Numm "Switch 2" presentéiert.
Um Enn vum Trailer ass just 2025 als Datum fir de Lancement ze gesinn.
Méi Detailer wëll Nintendo an engem "Direct" den 2. Abrëll annoncéieren.
Rumeure ware vu Juni als Release-Fënster ausgaangen, mee Nintendo bleift traditionell mysteriéis.
Nintendo bleift beim Design deem vun der Switch trei, alles ass liicht méi grouss mat wuel méi Power.
Am meeschte gelies