
An dee mécht de Kinepolis Kierchbierg elo méiglech. “Kinepolis Play” bitt d’Geleeënheet, zu maximum 10 Persounen e Sall ze lounen. Deen Dag, fir deen ee reservéiert huet, muss een da just nach seng Spillkonsol (PS 4 & 5, Nintendo Switch an X-box) matbréngen, an da kann ee wärend 3 Stonne vun dëser eemoleger Méiglechkeet profitéieren.
De Sall kann een online reservéieren. Méi Informatioune fënnt een hei.