
D’Team vu Larian hätt an de leschte 6 Joer “säin Häerz a seng Séil” an dëst Spill gestach, dat dacks ënnert “extrem schwieregen Ëmstänn”, sou den Chef vum belschen Entwécklerstudio, de Swen Vincke. Wärend där Zäit wier Corona a senger Héichphas gewiescht an et hätt een um Wee vun der Entwécklung och Liet verluer.
D’Game Awards gëlle jo weltwäit als de wuel wichtegste Präis an der Videospill-Branche. Ënnert anerem waren d’Schauspiller Matthew McConaughey an Timothee Chalamet bei der Präisiwwerreechung dobäi.
D’Rollespill “Baldur’s Gate 3", dat wéi gewinnt an engem Fantasie-Look dohier kënnt, huet niewent dem Haaptpräis vum Owend, och de Präis fir de beschte Community-Support, fir dat beschte Rollespill a fir dat beschte Multiplayer-Spill gewonnen, dat wéinst dem optionale Koop-Mode.
Fir d’Haaptkategorie waren och nach Alan Wake 2, Marvel’s Spider-Man 2, Resident Evil 4, Super Mario Bros. Wonder an The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom nominéiert.