
D’Joer 2021 geet esou lues awer sécher op en Enn zou an déi verschiddenst Éierunge spréisse wéi all Joer op en Néits aus dem Buedem. Esou goufe viru kuerzem beim Golden Joystick Award déi beschte Videospiller aus dem Joer 2021 geéiert an ernimmt.
De Golden Joystick Award gëllt an der Industrie iwwerdeems als ee vun deene wichtegsten a bedeitenden Awards, déi een sech séchere kann. Dëst opgrond vun der Renommée als zweeteelste Präisverdeelung an der Gaming-Branche a well dëse Präis souwuel vun Experten, wéi och vun de Konsumente bestëmmt gëtt. Esou huet d’Industrie d’Méiglechkeet souwuel d’Meenunge vum Marché, wéi och vun den Experte matgedeelt ze kréien.
Am meeschte Präisser ofgeraumt huet dëst Joer d’Spill Resident Evil Village vu Capcom. Ganzer véier Auszeechnunge konnt d’Spill vun der japanescher Videospillentreprise ofraumen. Esou konnt Resident Evil och de Präis vum Spill vum Joer fir sech entscheeden. Mä fir dat beschte Spill vun allen Zäite sollt et allerdéngs net duergoen. Dëse Präis goung un de japaneschen Entwéckler From Software an un hiert Spill Dark Souls, wat dësen Titel elo fir ëmmer droen dierf.
Wéi gesitt Dir des Lëscht? Wéi ee Spill ass fir Iech d’Spill vum Joer? Loosst eis et mat engem Kommentar wëssen!