POST Esports MastersDe 25. a 26. Juni sinn d'Finallen an der Luxexpo

RTL Lëtzebuerg
De Gaming-Event an der Luxexpo The Box ass de Weekend gratis fir de Public. Hei treffe sech déi beschte Spiller aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun.
© POST

No Covid, kënne sech hei d’Gamer nees an engem gewinnte kompetitive Kader treffen a géinteneen untrieden, dat an engem Sall vu ronn 1000 m2, 200 Sëtzplazen an eng grouss Bün. An hei spillen sech d’Finallen an de Spiller “Rocket League”, “FIFA22" a “Clash Royale” dann och of.

Et wäert dann mat 5 Lëtzebuerger, 8 Fransousen, 5 Däitscher an 2 Belsch och eng méi international Finall ginn. Duerchaus bekannte Nimm aus dem Esport, wéi Ciscinho, Shadoow, Abdoubrown oder och nach BlackPearl wäerten an der Finall vun den 3 Disziplinne vertruede sinn. An hei geet et natierlech net nëmmen ëm de Prestige, ma och ëm Präisgelder vun am Ganzen 20.000€ iwwert déi ganz Competitioun.

Ënnert de Visiteuren am Public, ginn dann och nach 3 Samsung Galaxy S22 Ultra verspillt wärend dem Event.

Sécher iech är gratis Entrée elo op postesportsmasters.lu!

Hei de Programm vun der Finall de Weekend vum 25. a 26. Juni 2022

SAMEDI 25/06

10:00 - 14:30 / Finales FIFA22
15:00 - 19:00 / Finales Clash Royale

DIMANCHE 26/06

10:00 - 18:00 / Finales Rocket League

POST Esports Masters kuerz erklärt

FIFA 22

Format: 1vs1 Saison vum 24/01/2022 bis de 27/02/2022
Finallen: 25/06/2022
Finalisten: Shadoow (BEL), LouixLux (LUX), Abdoubrown (FRA), Ciscinho (LUX)

Cash Prize : 5 000€

CLASH ROYALE

Format: 1vs1 Saison vum 14/03/2022 bis de 17/04/2022
Finallen: 25/06/2022
Finalisten : BlackPearl (ALL), Xene (FRA), Pitou (FRA), Thaddeus (ALL)

Cash Prize : 6 000€

ROCKET LEAGUE

Format: 3vs3 Saison vum 02/05/2022 bis de 05/06/2022
Finallen: 26/06/2022
Finalisten: Rift Sloths (LUX), Minkz (ALL), Team Luxembourg (LUX), Aller Le Foot (FRA)

Cash Prize : 9 000€

Back to Top
CIM LOGO