
Et war fir déi éischte Kéier deemools, dass Gameren an eng Spillwelt agedaucht sinn, an där eng wierklech Dräidimensionalitéit present war an net flaach Welten, déi den Androck vun 3-D ginn hunn. “Quake” huet domat d’Gamingwelt staark beaflosst an huet deels souguer Standarden an der Branche gesat.
Virun allem de Multiplayer-Deel vu Quake huet de Start an eng nei Ära vum zesumme Spille lancéiert. Viru Kuerzem huet d’Spill dann och am Kader vum 25. Gebuertsdag a komplette grapheschen Update kritt.