
Den 1. Abrëll goufen d’Finallen am FIFA 23 vun de POST Esports Masters gespillt. Véier Spiller hate sech fir dës qualifizéiert:
An engem Bracket-System sinn d’E-Sportler openeegetraff. Allerdéngs huet sech scho relativ fréi rauskristalliséiert, wien d’Favoritte sinn. Esou hunn de Shadoow an den Ivanilson sech wuelverdéngt géint déi aner Spiller duerchgesat a sinn an der Finall openeegetraff. Dës hunn am Verlaf vum Turnéier schonn eng Kéier misse géintenee spillen. Do konnt de Shadoow d’Matcher allerdéngs kloer fir sech entscheeden.
De Match an der grousser Finall war wuel méi spannend, wéi den éischte Match vu béide Spiller am Turnéier, allerdéngs huet de Shadoow och hei näischt ubrenne gelooss, sou datt hien den Turnéier um Enn fir déi éischte Kéier gewanne konnt.
Fir de FIFA-Spiller aus der Belsch dierft dës wuel eng grouss Erliichterung gewiescht sinn. Esou huet hien et bis elo all Joers an d’Finall vun de POST Esports Masters gepackt, allerdéngs konnt hien de leschte Match ni fir sech entscheeden, sou datt et fir hien all Joers nëmme fir déi zweete Plaz duergaangen ass.

Nieft dem Prestige gewënnt de Shadoow och nach e Präisgeld vun 2.400€. Den Ivanilson hëlt iwwerdeems 1.425€ mat Heem. Déi drëtt Plaz vum LxbFIFA war mat engem Präisgeld vun 950€ dotéiert. Den xFabinho huet mat senger véierter Plaz 575€ gewonnen. 150€ goufen dann nach un déi aner Spiller verdeelt, déi am Virfeld un de POST Esports Masters deelgeholl haten.