Op der LGX, der Luxembourg Gaming Experience Convention, hu sech déi Leit getraff, déi am Beräich vun der japanescher Kultur, de Videospiller an der Popkultur doheem sinn. Mir wollte wëssen, wat dann elo grad an der virtueller Welt Moud ass a wéi eng grouss Nimm de Weekend de Wee op de Kierchbierg fonnt hunn.
Doniewent gi mir der Moud vun dem Cosplay no: Wat ass dat a firwat verkleede sech esou vill Leit, wa se Videospiller kucke ginn?