Fir ronn 300.000 US-DollarDéi gëlle Wii vun der Queen Elizabeth II gëtt op Ebay verkaaft

RTL Lëtzebuerg
THQ Nordic hat en vue vum Release vun hirem Spill "Big Family Games" fir op d'Nintendo Wii am Joer 2009 eng faméis Marketingiddi.
© Console Variations

Dëst fir d’Spill, besonnesch a Groussbritannien, Reklamm ze maachen. De Publisher aus Éisträich war op d’Iddi komm, eng Nintendo Wii, ëmmantelt mat 24-Karat-Gold, als Kaddo fir d’brittescht Kinnekshaus un de Buckingham Palace ze schécken. Natierlech stoung deemools d’Queen Elizabeth II als Destinatär um Pak.

Den Hoke bei dësem Marketing-Geck war allerdéngs, datt et dem brittesche Kinnekshaus net erlaabt ass, esou Kaddoe vun Entreprisen unzehuelen. Deementspriechend krut d’Queen d’Konsol leider ni ze gesinn, a si ass an den déifsten Déifte vun THQ Nordic verschwonnen. Bis haut!

Gutt 8 Joer méi spéit huet en Här vum Internetsite “Console Variations” sech d’Unikat ënnert de Nol gerappt a probéiert elo, dës gëlle Wii iwwert Ebay un en neie Mann, respektiv un eng ni Fra ze bréngen. Dobäi beleeft sech de Käschtepunkt op 300.000 US-Dollar (et sief gesot, datt de Versand allerdéngs nëmmen 1 Dollar kascht).

© ebay / screenshot

D’Wii befënnt sech an engem benotzten Zoustand a géif mat engem Echtheetszertifikat geliwwert ginn. Falls Dir elo un dësem Schmockstéck interesséiert sidd, da klickt op folgende Link an dir lant direkt beim Produit op Ebay.

Back to Top
CIM LOGO