
D’FLF huet e Méindeg déi 2 Spiller presentéiert, déi Lëtzebuerg bei de Qualifikatioune fir d’UEFA eEURO 2021 representéiere wäert.
Dëst wieren den Gianluca Di Marco (golfRacer_13) an den Daniel Araujo (LPS_Diffside_45). De Gianluca Di Marco hat sech och schonn 2020 fir d’eEuro qualifizéiert.


Gespillt gëtt Pro Evolution Soccer (PES) an d’Qualifikatiounen ginn den 29. Mäerz an de 26. Abrëll gespillt.

