
Dobäi ass erauskomm, datt d’Playstation 5 déi beléiftste Konsol den Ament um Marché ass. Esou hu ganzer 71% vun de Leit, déi eng Playstation 5 doheem stoen hunn, uginn, datt si am dacksten op dëser Konsol spille géifen. Op der 2. Plaz läit d’Playstation 4, déi mat 54% scho wäit ofgeschloen ass. De Podium gëtt iwwerdeems vun der Xbox One, respektiv vun der Xbox One S, souwéi vun der Nintendo Switch komplettéiert, op deene ganzer 49% vun de Befroten, déi dës Konsolen och doheem am Regal stoen hunn, am léifste spillen. D’Xbox Series X ass knapps dohannert mat 48%.
Am Verglach zu zejoert huet sech villes an dësem Ranking verännert. Am Joer 2021 hunn d’Leit am léifsten op der Playstation 4 gespillt. Hei waren et 64%, déi uginn hunn, datt si am meeschte mat der Konsol vun der aler Videospillgeneratioun spille géifen. Op der zweeter Plaz louch dunn d’Playstation 5 mat 59%. Op der drëtter Plaz stoung iwwerdeems d’Xbox One, bezéiungsweis d’Xbox One S mat 50%. D’Nintendo Switch dogéint louch mat nëmme 40% wäit ofgeschloen op der 6. Plaz. Virun der Nintendo-Konsol stoungen nach d’Playstation 4 Pro (47%) souwéi d’Playstation Digital Edition (45%).
Allerdéngs léisst sech generell soen, datt d’Spiller an d’Spillerinnen, déi Konsole vu Sony doheem stoen hunn, och am meeschten op dëse spillen. Bei de Konsole vun den aneren Hiersteller (Microsoft an Nintendo) léisst sech soen, datt hei nëmmen all zweete Spiller oder all zweet Spillerin am léifsten op dëse Konsole spillt.