
Wann ee vu legendäre Gaming-Momenter schwätzt, féieren d’Spuere vun der Odyssey (1972) iwwer de Game Boy (1989) bis bei d’Nintendo Switch (2017). An zanter en Donneschdeg schreift Nintendo een neit Kapitel: D’Switch 2 läit offiziell an de Rayonen. Mir kucken zeréck op déi fënnef Konsolen, déi de Marché definéiert hunn an op dat, wat d’Spiller haut erwaart.
1. PlayStation 2 – de Verkafs-Champion
2000 op de Marché komm, huet Sony mat der PS2 e Rekord gesat: iwwer 160 Milliounen Exemplaire verkaf a méi wéi 1,5 Milliarde Spiller. Titele wéi GTA San Andreas, Final Fantasy X oder Tekken 5 hunn d’Konsol zur Referenz gemaach an hir Ära definéiert.

2. Nintendo DS – Touchscreen-Pionéier am Täscheformat
Klappbar, zwee Bildschiermer, Touch & Mikro: D’DS (2004) huet mam mobille Gameplay experimentéiert a begeeschtert. Nintendogs, Pokémon Diamond a Mario Kart DS hunn eng Generatioun gepräägt an domat ass den DS 154 Millioune Mol verkaf ginn.

3. Nintendo Switch – déi universell Konsol
Zanter 2017 bitt d’Switch e flexibelen Hybrid-Modus: doheem op der Tëlee oder ënnerwee an der Hand. The Legend of Zelda: Breath of the Wild, Mario Kart 8 Deluxe an Animal Crossing: New Horizons hunn hiren Deel dozou bäigedroen, dass bis haut ronn 152 Millioune Konsole verkaf goufen.

4. Game Boy – de mobille Klassiker
1989 lancéiert, huet de Game Boy mat senger monochromer Grafik mee dofir mat enger immens gudder Batterie mobille Gaming un d’Masse bruecht. Tetris an déi éischt Pokémon-Editioune waren um Cover vu ronn 118 Millioune verkaaften Exemplairen.

5. PlayStation 4 – déi modern Mainstream-Ikon
2013 erauskomm, huet sech d’Playstation 4 mat ongeféier 113 Millioune verkafe Konsole géint d’Xbox One duerchgesat. Spiller wéi GTA V, Marvel’s Spider-Man an Uncharted 4 hunn den Erfolleg zementéiert.

No méintlaange Spekulatiounen ass d’Switch 2 vun en Donneschdeg un am Verkaf. Nintendo setzt op:

D’Zuel vun de Virbestellungen haten d’Butteker schonn op Alarmstëmmung gesat. Eleng d’Collector’s Editioune ware bannent Minutten ausverkaaft. Nodeems Nintendo schonn 2017 bewisen huet, wéi ee verschidde Spill-Stiler a Formater harmonesch verbënnt, sinn d’Erwaardungen elo nach méi héich. Déi éischt Hands-on-Rapporte wäerte weisen, ob d’Switch 2 dem Hype gerecht gëtt, mee wann d’Geschicht e Virgeschmaach bitt, da steet den nächste Rekordlaf schonn un.
Vun den 8-bit-Ufänk bis zu haitege 4K-Welten ass Gaming eng Rees vu Kontinuitéit a Revolutioun. An d’Launch-Dynamik ronderëm d’Switch 2 weist: Konsole-Magie ass nach laang net eriwwer – se evoluéiert, wiesselt d’Form a bleift trotzdeem d’Häerzstéck vun enger Passioun, déi Generatioune verbënnt.
*An enger éischter Versioun hate mer vun engem “OLED-Display” geschwat. Dëse war awer an der Switch 1 verbaut.