High School Cup 2025E Lëtzebuerger Gaming-Turnéier mat dausende Participanten

David Winter
Dës Gaming-Competitioun, fir déi ee muss Schüler an engem Lycée sinn, fir kënne matzemaachen, geet dëst Joer schonn an déi 5. Editioun.
© High School Cup

Den 8. Mäerz ass de Startschoss vun der neier Saison, ugefaange mat Fortnite. Den 29. Mäerz dann kënnen d’Fans sech op d’Tournoien vu Brawl Stars freeën. Den 3. Mee dann ass Rocket League un der Rei an de 17. Mee steet
Minecraft um Programm.

Dës Events wäerte souwuel online gespillt ginn, wéi awer och live sur Place. Niewent dem Gaming kritt een um High School Coup awer och Musek vu jonken Artisten an innovativ Mini-Entreprise presentéiert.

© High School Cup

Wéi schonn déi Jore virdrun, gëtt dësen Event vun EsportsLX a Kooperatioun mat Tango organiséiert. Méi Infoen iwwert den Event an der geneeër Timetable gëtt et um offizielle Site vum High School Cup. Wéi Detailer ginn et um X-, Instagram- oder Twitch-Profil vum Organisateur.

Hei de Pressecommuniqué vum High School Cup am PDF!

Back to Top
CIM LOGO