Computer- a VideospillerEn Dënschdeg den Owend start zu Köln d'Gamescom

AFP, iwwersat vun RTL
D'Gamescom ass, den Organisateuren no, "dat weltwäit gréisste Game-Event".
© ANUSAK LAOWILAS/NurPhoto via AFP

Zu Köln geet en Dënschdeg den Owend mat der "Opening Night" d'Videospill-Foire Gamescom un. Den Organisateur versprécht eng "spektakulär Show voller Weltpremièren, Ukënnegungn an Iwwerraschungen". Déi offiziell Ouverture fir d'Press an e spezielle Public ass fir e Mëttwoch geplangt, erwaart gi sech hei och Memberen aus der däitscher Regierung.

Vun en Donneschdeg un huet dann och de breede Public Zougang op de Site vun der Kölnmesse zu Deutz, dat iwwer véier Deeg. D'Gamescom ass, eegenen Aussoen no "dat weltwäit gréisste Game-Event". Dëst Joer hu sech ronn 1.600 Aussteller ugemellt, dorënner grouss Spillentwéckler wéi Microsoft, Sony an Epic Games. D'lescht Joer ware ronn 350.000 Visiteuren op der Gamescom. De Rekord vun 370.000 Gamer zu Köln gouf nach virun der Corona-Pandemie erreecht.

Back to Top
CIM LOGO