Béi der éischter Editioun vum Evenement gouf et alles wat een iergendwéi un déi fréier Zäit erënnert.Vu Videospiller, Figuren a Filmer bis hin zu Mangaen, Comicken an och Animeën. Fir all verschidden Interessie war eppes do. Esou krut een och en Abléck an d’Geek-Welt.

Un der Foire konnt jiddereen deelhuelen, sief et als Visiteur oder och als Aussteller. D’Passioun war déi selwecht, an zwar d‘80er an 90er Joren.
D’Haaptzil war deemno, datt Leit glécklech sinn an ee gudde Moment kënne verbréngen, esou den Organisateur Christophe Ayroles.