
Riets geet dobäi vum allsäits bekannte giel-wäissen ?-Block aus dem Super Mario-Universum, deen een ab dem 1. Oktober exklusiv an allen offizielle Lego-Butteker an am Lego-Online-Shop ze kafe kréie wäert. Ab 2022 soll de ?-Block dann och an anere Geschäfter virzefanne sinn. Präislech wäert de ?-Block sech op ronn 170€ belafen.
De ?-Block stellt sengersäits eng Referenz un d’Spill Super Mario 64 fir den Nintendo 64 duer, well sech am Block dräi Welte befannen, déi de Spiller a Spillerinne vum Spill wuel bekannt dierfte virkommen. Dobäi handelt et sech em d’Schlass vun der Prinzessin Peach, em Bom-omb Battlefield an em Cool Cool Mountain. Des Welte loossen sech dank enges Mechanismus aus dem ?-Block eraushuele souwéi och erëm an de Block zréckverfrachten, soudatt de ?-Block bei deem engen oder aneren Haushalt als en schéine Bléckfang fungéiere wäert.
Passenderweis hunn Nintendo a Lego och en Trailer zum ?-Block an d’Netz gestallt, deen dir iech elo hei kënnt ukucken:
Wat sot dir zum ?-Block? Wäert dir iech en kafen oder ass esou een Objet näischt méi fir iech?