
Dëst, well de Betrib aus Amerika dunn dat allsäits bekannte Videospill "Pong" op de Marché bruecht huet an domadder ganz Generatioune gepräägt huet. An de follgende Joren huet Atari och weider Videospillklassiker verëffentlecht an och eege Konsolen, déi virun allem fir Nintendo, Sega, Sony a Microsoft spéiderhi wichteg Inspiratiounsquelle waren, op de Marché bruecht. Als richtege Videospillfan souwéi Videospillnostalgiker kënnt een deemno net ronderëm de Betrib Atari.
Den originalen Atari-Betrib aus Amerika gëtt et zënter e puer Joer net méi, mä eng franséisch Entreprise huet sech d'Markerechter vum amerikanesche Betrib kaaft a kann deemno Spiller aus der deemoleger Zäit verëffentlechen. Genee dëst huet Atari SA, esou den Numm vum franséische Betrib, och fir de 50. Gebuertsdag vun der éischter Atari Konsol wëlles.
Esou ass an Zesummenaarbecht mam renomméierten Entwécklerstudio Digital Eclipse d'Spillsammlung Atari 50: The Anniversary Celebration entstanen. An dëser Kollektioun wäerten d'Fans vun Atari Zougrëff op méi wéi 100 al Atari-Spiller kréien, souwéi op eng interaktiv Geschicht iwwert de Betrib, wéi och op Interviewe mat deemolegen Entwéckler a Publisher.
D'Spill soll dobäi fir de PC a fir d'Nintendo Switch souwéi fir déi aktuell Konsole vu Sony a Microsoft erauskommen an 39,99€ kaschten. Viru kuerzem gouf och d'Lëscht vun de Spiller, déi an der Kollektioun spillbar wäerte sinn, verëffentlecht. Dës fannt Dir ënnert der Billergalerie.
Atari Arcade
Atari Reimagined
Atari 800
Atari 2600
Atari 5200
Atari 7800
Atari Handheld
Atari Jaguar
Atari Lynx