
De 5. Februar 2023 ginn op en Néits d’Grammy Awards zu Los Angeles verdeelt. Dobäi ginn d’Awards dëst Joer an 90 Kategorie verdeelt, wat bedeit, datt am Ganze 6 Kategorie nei dobäikomm sinn. Eng vun dëse Kategorie lauschtert op den Numm: “Beschte Soundtrack aus engem Videospill oder engem aneren interaktive Medium.” Domadder wéilt een, esou den Organisateur vun de Grammy Awards, d’Diversitéit vun der Musekswelt éieren an och en Zeeche fir Verännerung, Fortschrëtt a Weltoffenheet setzen.
Den 22. November huet d’Jury matgedeelt, wéi eng Spiller fir de Grammy an der neier Kategorie ronderëm d’Soundtracks vun de Videospiller nominéiert goufen. Bei den Nominéierten handelt et sech ëm follgend Spiller: