KölnOptakt vun der Gamescom

RTL Lëtzebuerg
Déi gréisste Spill-Foire op der Welt huet e Mëttwoch zu Köln nees hir Pandemie-bedéngt virtuell Dieren opgemaach.
© AFP

Wéi schonn dat lescht Joer gi keng Millioune Leit an den Halen empfaangen, ma alles leeft virtuell of. Esou kritt een zum Beispill déi neiste Spiller an Trailer just via Livestream virgestallt.Zejoert waren iwwer 2 Millioune Leit bei der Online-Ouverture mat derbäi.

En Donneschdeg de Moie ginn och politesch Rieden gehalen, notamment vum CDU-Kanzlerkandidat a Ministerpresident Armin Laschet oder dem däitschen Digitalminister Andreas Scheuer.

Back to Top
CIM LOGO