
D’Gamescom 2026 war dobäi nach e Stéck méi grouss wéi d’Editioun virdrun. 368.000 Visiteuren aus 131 Länner sinn op Köln komm. Op enger fir d’éischte Kéier komplett ausgebuchter Fläch vu ronn 233.000 Quadratmeter hu sech 1.743 Firmen aus 66 Länner presentéiert.
Déi international Dimensioun vun der Foire huet sech net nëmmen an de Statistike gewisen. Se war an den Halen ze spieren. Et war voll, virun allem op den Haaptachsen a virun de populäre Stänn a grousse Büneshows. Tëscht den Hale konnt een zwar emol duerchootmen, mee och do ware vill manner roueg Ecken ze fannen.
Eng wichteg Roll spillt dobäi längst net méi just d’Foire zu Köln selwer. De Startschoss mécht säit 8 Joer d‘Opening Night Live an déi ass mëttlerweil eng weltwäit Show, déi sech net nëmmen un d’Leit am Sall riicht. Bis e Samschdenowend koum si op 78 Millioune Views online. D'Gamescom ass domat gläichzäiteg Festival, Marketingplattform an digitaalt Event.
Fir d'Visiteuren ass dat virun allem eng Chance, nei Spiller ze gesinn an d'Stänn vun hire Liiblingsstudioen ze entdecken. Hannert de Kulisse leeft awer déi aner Säit vun der Foire: An der Business Area geet et ëm Kontakter, Partnerschaften an déi Projeten, déi d’Spillbranche an de kommende Jore beschäftege wäerten. D'Gamescom bréngt domat d'Geschäft hannert der Industrie an déi Leit zesummen, déi d'Spiller um Enn spille wäerten.
Bei den News huet virun allem "CD PROJEKT RED" fir ee vun de grousse Momenter gesuergt. De Studio huet net nëmme säin neien “The Witcher 3”-Add-on “Songs of the Past” gewisen, mee och ”The Witcher 3: Wild Hunt Remastered” ugekënnegt. Dee kënnt den 29. September 2026 eraus, fir Besëtzer vum Original ass den Upgrade gratis.
”Songs of the Past” soll kommen an de Geralt an dat neit Land Letten féieren. Méi Detailer dozou a wat soss nach Highlights waren, ginn et am zweeten Deel vun der Gamescom-Review.
D’Gamescom huet awer och eng aner Tendenz gewisen, déi sech duerch vill vun den Ukënnegunge gezunn huet: D'Industrie setzt staark op bekannt Marken. Remakes a Remasters ginn technesch moderniséiert an nees fir eng nei Konsole-Generatioun opbereet.
Mee et goufen net nëmme bekannten Nimm. Fir Co-op-Fans kéint ”Age Twisters” interessant ginn, wou een duerch mysteriéis Aarmbänner a verschidden Altersklasse wiessele kann an doduerch ënnerschiddlech Skills huet. Genee dee Mix aus grousse Marken, neien Iddien an Indie-Spiller huet d’Gamescom 2026 gepräägt.
Wie fir d'éischte Kéier op d'Gamescom geet, sollt sech awer op eng Saach astellen: Et ass bal onméiglech, alles an engem Dag ze gesinn – an nach manner, alles auszeprobéieren. Bei de groussen Titele bilde sech d'Schlaange schonn direkt moies. Et lount sech dofir virun allem, duerch d'Halen ze trëppelen, d'Stänn op sech wierken ze loossen a sech Zäit fir méi kleng Projeten ze huelen.
An der Indie Arena Booth ass d'Chance dohier méi grouss, e Spill spontan auszeprobéieren oder anere Gamer iwwer d'Schëller ze kucken. An dat bleift eng vun de beschte Säite vun der Gamescom: Tëscht Rekordzuelen, spektakuläre Stänn a groussen Nimm kann een ëmmer nach iwwert e Spill trëllen, dat ee moies nach net kannt huet an dat um Enn méi am Kapp bleift, wéi deen Titel, fir deen ee Stonnen an der Schlaang stoung.