
D’Videospill “Grand Theft Auto VI” kënnt elo awer eréischt nächsten November an d’Butteker.
D’Entwéckler vum neie GTA, Rockstar Games, hunn en Donneschdeg den Owend bekannt gemaach, dass d’Spill eréischt an iwwer engem Joer den 19. November 2026 verëffentlecht wäert ginn. Si missten d’Videospill nach verfeineren.
Den Drock ass héich. Iwwer 220 Millioune Leit haten de Virgänger GTA V op verschiddene Systemer kaaft. Den neie GTA soll uganks just fir d’XBox an d’Playstation op de Marché kommen.