ChinaTencent féiert Zäitlimitt fir Videospiller an

RTL Lëtzebuerg
De chineesesche Videospill-Hiersteller gëtt dem Drock vun der Regierung no a féiert Zäitlimite fir Kanner a Jugendlecher an.
© AFP (Archiv)

Dës Restriktioun ass eng Reaktioun op d’Uschëllegunge vum Staat, datt d’Technologie-Firmaen ze vill Muecht hätten. An dësem Zesummenhang hu staatlech Autoritéite Videospiller als “geeschtlecht Opium” bezeechent.

Eng Deliberatioun vum bekannte Videospill-Hiersteller Tencent verhënnert, datt Spiller ënner 12 Joer am Multiplayer-Spill “Honor of Kings” kënne Geld ausginn. Fir Spiller ënner 18 Joer gëllt ausserdeem wärend der Vakanz eng Spillzäit vun 2 Stonnen, wärend der Schoulzäit nëmmen 1 Stonn.

De Gewënn vun Tencent ass am zweeten Quartal, trotz Drock vun der chineesescher Regierung, däitlech an d’Luucht gaangen. Dozou bäigedroen hunn ënner anerem Spiller wéi “Honor of Kings” oder “PUBG”.

Back to Top
CIM LOGO