
Zënter e Méindeg de Moie kënnen d’Videospill-Nostalgiker an de Genoss vun engem ganz besonnesche Stéck Nostalgie kommen. Riets ass dobäi vum Atari 2600, deen ee sech als Deko-Objet kafe kann. Fir 239,99 Euro ass d’Schmockstéck ze kréien, allerdéngs an enger éischter Instanz just am Lego-Online-Store oder an den offizielle LEGO-Butteker.
D’Set besteet aus 2.532 Stécker an d’Fans kënnen domadder net nëmmen d’Konsol nobauen, mä och nach d’Kassette vun de Spiller Centipede, Asteroids an Adventure souwéi ikonesch Zeenen a Momenter aus de jeeweilege Spiller. Weider ass am Set och nach e beweeglechen Joystick mat abegraff.
