RekordzommVideospillkassett "Super Mario 64" fir 1,31 Milliounen Euro versteet

RTL Lëtzebuerg
Den Nintendo-Klassiker huet e Sonndeg fir 1,56 Milliounen Dollar am US-Bundesstaat Texas de Besëtzer gewiesselt.
© AFP

Et ass déi éischte Kéier, dass e Videospill fir iwwer eng Millioune verkaf gouf. Eréischt virun 2 Deeg ass d’Videospill “The Legend of Zelda” aus dem Joer 1987 verkaf ginn, och fir e Rekordpräis vun 870.000 Dollar - ëmgerechent 732.000 Euro.

Béid Spiller goufen am Auktiounshaus “Heritage Auctions” versteet. Zu den 2 Keefer goufe keng Detailer verëffentlecht.

Back to Top
CIM LOGO