
Schnell ass d'Switch dann och eng zu de meeschtverkaafte Konsole ginn, nëmmen d'Nintendo DS an d'Playstation 2 solle sech méi dacks bis ewell verkaaft hunn. Iwwer 143 Milliounen Unitéite goufe bis ewell verkaaft. Rumeuren iwwert en Nofollger ginn et jo scho méi laang, ma konkret Pläng goufen nach net reveléiert.
Ma wat ass eng Konsol, ouni d'Spiller fir drop ze spillen? Dofir kucke mir emol op déi 10 Spiller, déi sech fir Nintendo am meeschte rentéiert hunn fir d'Switch erauszebréngen. Hei kucke mer natierlech op déi weltwäit Verkafszuelen.
Un der Spëtzt vun den Charts vun de meeschtverkaafte Switch-Spiller steet ganz wäit vir Mario Kart 8 Deluxe (1.), mat 62,90 Milliounen verkaaften Unitéiten. Dono kënnt Animal Crossing: New Horizons (2.) mat 45,85 Millioune verkaaften Unitéiten.