PS Plus Abrëll 2023Wéi eng Essentials-Spiller kommen en Dënschdeg eraus?

RTL Lëtzebuerg
All Mount komme jo vir PS Plus Essential-Memberen Spiller eraus, déi een e Mount laang gratis kann eroflueden. Hei den Iwwerbléck vun de kommende Spiller!
© Screenshot Playstation Store

Direkt fir ewech: eent vun de Spiller wäert och eréischt de 4. Abrëll erauskommen, nämlech “Meet your Maker”. Dëst hat Sony jo scho Mëtt Mäerz bekannt ginn. Heibäi handelt et sech ëm en Ego-Shooter-Spill vu Behavior Interactive. Hei hunn d’Spiller d’Aufgab Ausseposte voller Falen a Waachen ze bauen, respektiv z’iwwerfalen.

Weider da mam neisten Ofleeër aus der LittleBigPlanet-Serie, nämlech “Sackboy: A Big Adventure”, dat och um Launch fir d’PS4 erauskomm ass. Heibäi handelt et sech ëm e Plattformer dee vu Sony Interactive Entertainment publizéiert gouf.Am Géigesaz vu senge Virgänger, bitt d’Spill hei och e richtegen 3D-Plattformer, virdrun ass een jo am 2,5D-Format bliwwen.

Beim 3. Spill dréit et sech ëm den epeschen RPG-Adventure “Tails of Iron”. Hei gëtt de Spiller mat Kampfzeenen konfrontéiert a muss am Rate-Kinnekräich “Redgi” probéieren, déi verzaubert Welt aus den Hänn vun de Fräschen ze rappen a se nees a seng eegen Hänn ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO