Mäin Numm ass Bond, James Bond!“007 First Light” am Test

Sven Benz
Den James Bond ass zréck — net am Kino, mee um PC an op der Konsol. Mat "007 First Light" erzielt “IO Interactive”, de Studio hannert “Hitman“, eng nei Origin-Story ronderëm e jonken James Bond, deen nach net de perfekte Geheimagent ass. Amplaz vum souveräne 007 gesäit een hei e méi impulsive Bond, dee sech seng Plaz am nei operlieften Double-0-Programm eréischt verdénge muss.
© IO Interactive

Dat passt erstaunlech gutt zu “IO Interactive“ hirer Stäerkt: oppen Infiltratiounen, verschidde Léisungsweeër, Gadgets, Bluffen, Stealth an heiansdo och direkt Action. Mir konnten “007 First Light “ virum Release spillen, an och wann net all Detail perfekt ass, geléngt dem Spill e stilvollen a villverspriechende Retour vum bekanntste Spioun vun der Welt.

De Spiller léiert den James Bond als jonken, impulsive Royal-Navy-Air-Crewman kennen, deen no engem heroeschen, awer net ganz reegelkonformen Asaz an de Fokus vum MI6 geréit an do säi Wee Richtung Double-0-Status ufänkt. Am Mëttelpunkt steet net nëmmen dem Bond säi Wee an den MI6, mee och eng Missioun géint e rebelléierenden Agent, déi séier méi grouss Dimensiounen unhëlt an de jonke Bond mat enger Verschwierung am Häerz vum Staat konfrontéiert.

© IO Interactive

Gebuede ginn actionräich Verfollgungssequenzen, intensiv Konfrontatiounen awer och emotional Momenter an Interaktioune mat anere Figuren aus der Story, déi sech iwwer ongeféier 20 Stonne verdeelt. Och klassesch Bond-Markenzeeche wéi d’Autoe kommen net ze kuerz: Vun Aston Martin iwwer Land Rover bis hin zu Jaguar ass alles dobäi. Verschiddener goufe vum Q a sengem Team "optiméiert" an hunn e puer net ganz seerieméisseg Gadgets u Bord.

Egal ob preparativ Missiounen, Infiltratioun vu verbuedene Beräicher oder intensiv Schosswiessel, dem Spiller sti bal zu all Moment verschidde Léisungsweeër op. Zum enge kann een dem James Bond säi gewinnte Charme spille loossen a versiche mat engem Bluff zu sengem Zil ze kommen, oder et sicht een no Hiweiser, wou potentiell e Schlëssel, Passwuert, oder soss e Géigestand ze fannen ass.

Wéi genee den James Bond säi Wee bei den MI6 fënnt, sollt Dir am Beschte selwer erausfannen. Nëmmen esou vill: D’Ëmstänn si wäit vu perfekt, an och säin Ausbilder ass alles anescht wéi begeeschtert.

De filmeschen Aspekt vun der Story gëtt ënnerstrach duerch de Bond-typeschen Intro, musikalesch begleet vum Lana Del Rey an David Arnold, deen d’Cut-Zeen aus dem Prolog flësseg mat der Startszeen duerno verbënnt. Authentesch Beweegunge kréien d’Charakteren duerch Motion-Capture, also Opname vu Beweegunge vu reale Persoune souwéi Schauspiller, déi dozou bäidroen, de verschiddene Figure Liewen anzehauchen. Hei héiert een ënner anerem de Patrick Gibson als James Bond, Kiera Lester als Moneypenny, Priyanga Burford als M, Alastair Mackenzie als Q a Lenny Kravitz als Bawma.

Onerwaart Wendunge vun der Geschicht suergen dofir, dass d’Spannung héich bleift an ee konstant gefuerdert ass. D’Missioune wierken net monoton oder repetitiv, a kleng Spillereie vum Quartéiermeeschter "Q“ hëllefen hei d’Diversitéit vun de Léisungen ze garantéieren. Nieft der Q-Lens an der Q-Watch kritt de Bond eng Rei kreativ Gadgets, déi typesche Bond-Charme mat prakteschem Gameplay verbannen: Oflenkung, Sabotage, net-déidlech Attacken oder kleng explosiv Iwwerraschungen. Besonnesch staark ass, datt dës Tools net just Gimmicke sinn, mee reell Alternativen am Level-Design opmaachen.

De Fall, an deen de Bond verwéckelt gëtt, bréngt en no dem Prolog an Island an dem MI6-Trainingscamp op Malta; och nach an England, Slovakien, Mauretanien, Vietnam an an d‘Antarktis. D’Locations si flott gestalt a passe gutt an d’Geschicht, déi "IO Interactive" eis präsentéiert.

© IO Interactive

Befënnt de Bond sech an engem vun de Beräicher, wou en net berechtegt ass, ass et wichteg, sech sou onbemierkt wéi méiglech ze beweegen. Unhand vun dem Environnement oder senge Gadgets kann e fir Oflenkung suergen oder awer Géigner temporär handlungsonfäeg maachen. Doduercher verschaaft de Bond sech e klenge Virdeel, a ka Géigner mat enger geziilter Attack ausschalten. De Kampf bleift kierperlech a relativ direkt: Fauschtkämpf, Konter-Comboen an den doséierten Asaz vu Schosswaffen. Interessant ass nämlech, datt de Bond net permanent fräi schéisse kann. D’“License to Kill” gëtt nëmmen a bestëmmte Geforesituatiounen aktivéiert. Dat zwéngt de Spiller, méi bewosst mat Positioun a Gadgets ëmzegoen. Wann d’Schosswaff bis a Gebrauch ass, heescht et awer oppassen op d’Munitioun! Dës gëtt et net onendlech.

D’Story léisst sech op 3 Schwieregkeete spillen: Novice, Intended a Purist. Als Novice hält de Bond méi aus, ass mi staark, Géigner méi lues a geschwächt. Dëst ass ideal, wann ee just d’Geschicht spille wëll. Intended ass e gesonde Mix, deen engem erméiglecht d’Story ze genéissen, awer och eng Erausfuerderung ze hunn. Purist ass fir déi, déi nach méi strategesch wëlle virgoen. Ressourcë si knapp an d’Kämpf ëmsou méi intensiv.

Nieft der Campagne kann een an der "Tac-Sim“, also Tactical Simulation, verschidde Missiounen nach emol spillen, oder onofhängeg Challengë probéieren. All Missioun huet 7-10 Erausfuerderungen, wéi zum Beispill duerch e Level ze goen, ouni de Laser ze notzen oder vu Géigner entdeckt ze ginn. Hei kann een dann Erfarung an "Intel“ verdéngen, fir weider Gadgets fir Tac-Sim fräizeschalten. Doduerch kann een d’Spill ëmmer an ëmmer rëm spillen, awer ëmmer nees anescht.

E klenge Schwaachpunkt läit am Prolog: Hei gëtt net direkt kloer kommunizéiert, wat de Spiller maache soll. Eng guidéiert Aféierung oder e méi strukturéierten Tutorial hätt den Einstieg däitlech méi agreabel gemaach. Och op manner performante Systemer bleift d’Qualitéit iwwerzeegend. D’Luetzäite vun Checkpoints kéinten eng Grimmel besser si.

“007 First Light“ geléngt et awer soss, de Bond-Mythos an e modernen Action-Adventure-Kader ze iwwersetzen. D’Mëschung aus Stealth, direkter Action, Gadgets a filmescher Presentatioun passt gutt zum jonke Bond, deen nach net de perfekten Agent ass. Net all Mechanik ass revolutionär, mee d’Fräiheet an de Missiounen, déi staark Inzenéierung an d’Bond-Atmosphär maachen d’Spill zu engem iwwerzeegende Retour fir 007 op PC a Konsol.

“007 First Light“ erschéngt de 27. Mee 2026 fir PlayStation 5, Xbox Series X|S a PC via Steam an Epic Games Store. Eng Versioun fir Nintendo Switch 2 soll am Summer nokommen.

Back to Top
CIM LOGO