
Mir befannen eis zu Rabbithole City, an enger Welt, wou Huesen en autoritäre Regimm opgebaut hu. Si behaapten eng "perfekt Gesellschaft" geschaf ze hunn – awer op Käschte vun der Fräiheet vun aneren Déieren. Virun allem Raubdéiere ginn hei ënnerdréckt.
Sou ongeféier kéint een "KIYO – Bunny Tyranny" kuerz erklären. Entwéckelt gouf dat ganzt vun dem Indie-Studio "Pixel Rats" a published vun "CobraTekku Games". Den 2D Stealth-Platformer mat liichtem Cyberpunk-Vibe kënnt de 25. Juni op PC & Nintendo Switch eraus. De Spiller iwwerhëlt d’Kontroll vun engem Kueder mam Numm Kiyo a muss sech duerch eng dystopesch Stad beweegen, fir dem Huese-Regimm en Enn ze setzen.
De Fokus vum Gameplay läit kloer op Stealth: am beschten net gesi ginn. Dëst gëtt kombinéiert mat Infiltratioun, Sabotage a mat Iwwerleeung wéi ee Feinden ausschalte kann. Dofir steet ënner anerem Feil a Bou zur Verfügung. Zousätzlech kënne Gadgets wéi Muerten agesat ginn, fir Géigner ofzelenken, wärend Seeler hëllefen, fir Héichten ze iwwerwannen. Nieft Stealth ginn och kleng Puzzle-Elementer agebaut, déi Logik an Opmierksamkeet erfuerderen.
Wichteg ass ob alle Fall: net einfach wëll drop lass stiermen, mä sech säi Wee a seng Taktik gutt iwwerleeën, Strategie a Gedold si wichteg.
Nieft der Action spillt och Satir eng Roll: "KIYO – Bunny Tyranny" kritiséiert Technologie-Ofhängegkeet, Iwwerwaachung an autoritär Systemer. D'Huesen am Spill stellen eng Iwwerspëtzung vun de méi donkele Säiten an eiser Gesellschaft duer.
Trotzdeem mécht d'Spill vill Spaass, virun allem duerch seng Neon-Cyberpunk-Welt, inspiréiert vun asiatesche Mega-Cities. D’Pixel-Grafik an den energesche Synthwave-Soundtrack droe staark zur Atmosphär bäi.
Fazit: D’Spill gräift séier duerch seng Atmosphär a klore Gameplay-Fokus. De Setting mat Huesen als Diktatur ass ongewinnt an de Mix aus Humor a däischteren Theme gutt balancéiert. Insgesamt iwwerzeegt „KIYO – Bunny Tyranny“ virun allem mat senger staarker visueller Identitéit. Als Indie-Titel ass d’Spill éischter kompakt gehale mat enger Spilldauer vu ronn 4–6 Stonnen. Mat engem Präis ronderëm 15€ positionéiert sech d’Spill kloer als Indie-Erfarung a leeft och propper op méi schwaacher Hardware.