Anker liichten a Seegel setzen, Pirat!“Assassins Creed: Black Flag resynced” erfënnt d’Original nei

Sven Benz
Et gi Spiller, déi sinn och iwwer zéng Joer no hirem originale Release nach ëmmer eng Referenz. Fir vill “Assassin’s Creed” Fans ass “Black Flag” genau an deem Fall.
© Ubisoft

D’Mëschung aus Piraten-Aventure, oppener Karibik, Kämpf um Mier an um Land huet dem Spill 2013 Kultstatus abruecht. Elo kënnt Ubisoft mat ”Assassin’s Creed Black Flag resynced” zréck op déi siwe Mierer, an dat net just als einfache Remaster. De Klassiker gouf vu Grond op nei opgebaut a soll d’Magie vun der originaler Story mat erweiderte Wendungen a Plots, souwéi modernem Gameplay, Physik a Grafik matenee verbannen.

Mëttelpunkt vun der Story ass genee wéi deemools den “Edward Kenway“, e Pirat, deem säi Wonsch no Fräiheet, Räichtum an engem bessere Liewen fir seng Fra, dësen ëmmer méi an d'Gesetzlosegkeet zitt. Tëscht Piraten, Kolonialmuechten an de Fronten tëscht Assassinen an Templer muss den Edward säi Wee fannen. Och wann de roude Fuedem vun der Geschicht sech ganz staark um Original orientéiert, sou huet Ubisoft et awer gepackt, dësen anescht ze strécken. Verschidden nei Missiounen, zousätzlech Story-Sequenzen an erweidert Handlungssträng vun ale Bekannte goufen implementéiert. Déi historesch Piraten ëm Blackbeard, Anne Bonny a Co. kréien an der Neioplo méi Plaz an der Geschicht.

Visuell ass den Ënnerscheed däitlech ze erkennen. 13 Joer Differenz an der Technologie hannerloosse Spueren. Déi nei Anvil-Engine léisst d'Karibik vill méi lieweg erschéngen: Tropesch Inselen, Dschungelen, kleng a grouss Hafestied an dat oppent Mier profitéiere vun neier Beliichtung, moderne Waasser-Effekter an dynameschem Wieder. Besonnesch beim Seegelen um Mier weist déi nei Physik wat se kann. D'Wieder ka sech op e Schlag veränneren, de Wand zouhuelen, de Welle-Gang ongemittlech ginn an d’Siicht drastesch reduzéiert gi. Den Edward huet et dann och däitlech méi schwéier, säi Schëff, d’Jackdaw, ënner Kontroll ze halen an de Welle Meeschter ze gi. Wien Navigatioun per Minimap gewinnt ass, huet elo e Kompass um ieweschte Rand vum Ecran.

© Ubisoft

Déi gréisste Verännerung spiert ee generell am Gameplay. Wou am Original de Kampf nach virun allem op Konterattacke baséiert huet, steet am moderniséierte System vu "Resynced“ d’Paréieren, dynamesch Finishing-Moves oder de Géigner mam Fouss fortdrécken am Mëttelpunkt. De Kampfsystem mécht Spaass an encouragéiert de Spiller méi flexibel virzegoen. Géigner reagéiere méi intelligent wéi am Original a maachen et schwéier, ëmmer déi selwecht Taktik ze benotzen.

Wie léiwer op klassescher ”Assassin’s Creed” Manéier all Konfrontatioun aus dem Wee geet, ka sech och iwwer gutt Nouvellë freeën. De Stealth-System gouf grëndlech moderniséiert. Wieder, Beliichtung, Héichtendifferenzen an d'Positioun vun de Géigner hu lo e vill méi groussen Afloss dorop, wéi séier den Edward entdeckt gëtt. No engem klenge Feeler ass eng Missioun net méi direkt eriwwer, dat war am Original nach anescht. Och Parkour profitéiert vun enger Moderniséierung a fillt sech däitlech méi flësseg un ewéi nach 2013.

Den eigentleche Star vum Spill ass a bleift einfach d‘Jackdaw. D’Kämpf mat anere Schëffer goufen iwwerschafft an och dat eegent Schëff ka vu méi Upgrade profitéieren, déi souwuel offensiv, defensiv a kosmetesch kënnen si. De Remake bitt hei ausserdeem nei Sekundär-Schossmodi an en Offizéier-System. Recrutéierbar Offizéier schalte mat hire jeeweilege Fäegkeeten zousätzlech Virdeeler fir d'Liewen um Mier fräi.

A wa mer schonn um Mier si: mat der Neioplo vum Klassiker kann een elo net nëmme méi just ob virdefinéierte Spots per Tauchklack an d’Waasser, mä zu all Moment vu Bord oder Ufer sprangen. Um Mieresgrond fënnt ee scho mol gären déi eng oder aner Schëffswracken, Geheimnisser a Schätz. Geet et mat der Otemloft net duer, sou kann een ëmmer nach per Tauchklack op d’Ënnerwaasser-Exploratioun goen, wann dat als Upgrade um Schëff installéiert gouf.

© Ubisoft

Och ausserhalb vum Animus gëtt et Ännerungen. Amplaz vun den Abstergo-Szenen setzt Ubisoft op alternativ Zäitlinnen a „Wat-wär-wann?"-Szenarien, déi d'modern Geschicht frësch interpretéieren. Dës ”Rifts”, wéi dës Neierung genannt gëtt, schalt een am Verlaf vun der Story fräi.

Fazit: ”Assassin’s Creed Black Flag resynced” liwwert am grousse Ganzen dat, wat vill Fans sech vun enger Neioplo vum Klassiker erhofft haten. D’Original bleift zu all Moment erkennbar, profitéiert awer vu moderner Technik an enger Rei sënnvollen Iwweraarbechtungen. Déi erweidert Schëffskämpf, déi verbessert maritim Exploratioun, d’Stealth-Mechaniken an déi visuell opgewäert Karibik droen dozou bäi, datt sech d’Aventure och iwwer 13 Joer nom Original nach frësch ufillt.

Net all Verännerung wäert jidderengem gläich gutt gefalen, insgesamt geléngt et Ubisoft awer, de Charme vum Original an d’Erwaardunge vun engem moderne Publikum matenee ze verbannen. Fir déi eng ass et eng nostalgesch Rees zréck op déi siwe Mierer, fir nei Entdecker eng exzellent Geleeënheet, sech op d’Aventure vum Edward Kenway anzeloossen. Net all Schätz leien um Mieresbuedem – verschiddener waarden einfach drop, nei entdeckt ze ginn.

Ze kréien ass d’Spill vum 9. Juli un, dat fir Playstation 5, Xbox Series X|S an PC.

© Ubisoft

Back to Top
CIM LOGO