
No knapp 38 Stonne Spillzäit op der PlayStation 5 ass fir mech kloer: D'Waarde war et bis elo wäert. GTA VI enthält nach ëmmer vill vun der bekannter GTA-DNA, fillt sech awer gläichzäiteg méi erwuesse wéi seng Virgänger un.
Am Mëttelpunkt stinn dës Kéier den Jason an d'Lucia. Den Jason, e fréieren Zaldot, dee sech mat klenge kriminellen Aktivitéiten iwwer Waasser hält, féiert am Ufank en éischter rouegt Liewen. D'Lucia dogéint kënnt no enger Prisongsstrof op Bewärung fräi a lieft duerno beim Jason. Déi zwee wëllen zesummen en neit Liewen ufänken an et besser maachen. Mee wéi dat bei GTA nun emol esou ass, kënnt et anescht wéi geplangt.
De Start vun der Geschicht ass dobäi méi roueg, wéi ee sech dat vun engem GTA erwaarde géif. Am éischte Kapitel léiert een den Jason Duval an d'Lucia Caminos an hiren Alldag kennen. Déi zwee probéieren, sech zesummen e Liewen opzebauen an et gëtt och Plaz fir méi kleng, perséinlech Momenter. Déi éischt kriminell Opträg lafen net ëmmer esou wéi geplangt a wéi déi zwee dann och nach a Besëtz vu mysteriéise Géigestänn kommen, fänkt e Karussell un ze dréinen, dat si net méi kontrolléiere kënnen. Hannert deem Ganze schéngt eng vill méi grouss Verschwörung ze stiechen. Wat am Ufank nach no klenge kriminellen Aktivitéiten ausgesäit, entwéckelt sech ëmmer méi zu enger geféierlecher Affär mat ëmmer méi héijen Asätz. D'Dramatik hëlt vun do u kontinuéierlech zou, an déi zwee geroden ëmmer méi déif an eng Welt aus Kriminalitéit, Verrot a Gewalt.
D'Dynamik tëscht deenen zwee ass gelongen. Hir Geschicht huet souwuel traureg, wéi och humorvoll Momenter an et mécht Spaass, si als Team ze erliewen. Amplaz vun dräi eenzele Personnagen, wéi nach am fënneften Deel, spillt een elo mat engem Duo, dat net nëmmen zesummeschafft, mee och eng Bezéiung matenee féiert. Déi kleng Interaktiounen an d'Méiglechkeeten, hir Verbindung ze stäerken, sinn eng flott Ergänzung. Et fillt sech un, wéi wann een zwee Leit spillt, déi zesummen duerch déck an dënn ginn, an net zwee Personnagen, déi just heiansdo zesummeschaffen. Dës Mechanik spiert sech dobäi absolut net erzwongen un.
Eng vun de gréissten Ännerunge mierkt een direkt beim Fueren. D'Autoe fillen sech däitlech manner arcade-lasteg un. Et kann een normal Gas ginn oder méi staark beschleunegen, genee esou beim Bremsen. D'Gefierer reagéieren doduerch méi realistesch a briechen och méi séier aus. Dobäi kommen enk Stroossen an e vill méi dichte Verkéier, deen och méi dynamesch op dat eegent Fuerverhale reagéiert.
Och de Police-System gouf däitlech iwwerschafft. Net all klengen Zesummestouss mam Policeauto mécht een direkt zu engem gesichte Kriminellen. Situatioune kënnen deeskaléiert ginn an eng Mask, en aneren Auto oder gewiesselt Kleedung kënnen hëllefen, der Police ze entkommen. Bei fënnef Stäre gëtt d'Verfollgung zwar ustrengend, mee esouguer den Helikopter kann duerch schlecht Wiederkonditiounen oder en noutwennegen Tankstopp d'Juegd ofbriechen. Dat mécht d'Verfollgungen däitlech méi dynamesch.
D'Missioune bidden och vill Ofwiesslung. Vun humorvolle Momenter bis hin zu emotionalen Zeenen ass alles dobäi. Bei ville Missioune kann een entscheeden, ob een eleng oder zesumme mam anere Personnage virgeet, ob ee sech uschläicht oder direkt mat der Dier an d'Haus fält. Besonnesch bei den Niewemissiounen huet een däitlech méi Fräiheet. Och Decisiounen, déi ee bis ewell getraff huet, kënnen am weidere Verlaf vun der Geschicht eng Roll spillen.
Beim Schéisse bleift awer eng kleng Schwächt. Op enger Konsol ass d'Viséieren ouni Aim-Assist, also Zilhëllef, net wierklech agreabel. D'Mechanik selwer ass dogéint interessant: Mat gezielte Schëss kann een e Géigner entweder direkt eliminéieren oder nëmmen handlungsonfäeg maachen.
Leonida ass grouss, ofwiesslungsräich a virun allem lieweg. Eng Kéier mat engem Auto ronderëm déi ganz Kaart ze fueren, kann eleng schonn ëm déi 25 Minutten daueren. Déi eenzel Géigenden hunn hir eege Charakteristik: Vu beliefte Stroossen a Stadquartieren iwwer touristesch Plaze bis bei roueg a verloossen Ecker ass alles dobäi.
Besonnesch beandrockend ass d'Léift zum Detail. Iwwerfäll, Verkéiersaccidenter oder Policekontrollen, déi een zoufälleg matkréie kann, maachen d'Welt nach méi glafwierdeg. Awer och d'Gestaltung an d'Architektur sinn op engem ganz anere Level. D'Zuele schwätze fir sech: de vun der "Washington Post" zitéierten Informatioune vu Rockstar no gëtt et iwwer 33.000 eenzegaarteg NPCen, also Computerfiguren, déi Vice City bevëlkeren. Dobäi kommen ëm déi 600.000 Animatiounen, am Verglach zu ronn 55.000 am Virgänger "GTA V".
D'Figuren hunn ënnerschiddlech Charakteren a reagéieren op d'Verhale vum Spiller. Et huet een dacks d'Gefill, datt och ouni eng eenzeg Haaptmissioun eppes geschitt. Genau sou d'Musek, déi hei net ze kuerz kënnt: Iwwer 800 lizenzéiert Lidder sinn op de verschiddene Radiosenderen ze héieren. Vun Artisten a Bands wéi Linkin Park, Metallica an 2Pac bis hin zu méi neien an deels nach net verëffentlechte Lidder ass eng grouss musikalesch Villfalt vertrueden.
Op der normaler PlayStation 5 iwwerzeegt de Mix aus Grafikqualitéit a Performance. D'Spill leeft flësseg, hänkt net an och d'Luedzäite sinn, wann et der gëtt, kuerz. Virun allem d'Grafik ass impressionant a léisst een heiansdo kaum gleewen, datt een nach ëmmer op enger Konsol spillt.
E grousse Kritikpunkt ass bis elo net ze fannen. Heiansdo ass et zwar net ganz verständlech, firwat een zu deem Moment net op deen anere Personnage wiessele kann, mee dat bleift eng kleng Onbequeemlechkeet.
No 38 Stonne Spillzäit sinn ech knapp am leschten Drëttel vum Kapitel 3 an hunn ongeféier 53 Prozent vun der Haapt-Story hannert mir. Och bei den Niewemissiounen an de verschiddenen Aktivitéiten ass nach net alles entdeckt.
"Grand Theft Auto VI" fillt sech wéi eng konsequent Weiderentwécklung vun der Serie un. Et ass nach ëmmer dat GTA, dat d'Fans kennen, mee mat enger méi realistesch gestallter Spillwelt, engem neie Gameplay-Gefill an zwee Haaptpersonnagen, déi zesumme funktionéieren. Besonnesch d'Atmosphär an déi vill kleng Detailer maachen et schwéier, de Kontroller aus der Hand ze leeën.
Bis elo huet Rockstar déi enorm Erwaardungen op alle Fall net enttäuscht. Mee well nach ronn d'Hallschent vun der Haaptgeschicht an eng Partie Niewenaktivitéiten op mech waarden, bleift nach vill ze entdecken. Fir de Moment steet awer fest: De Retour op Vice City ass gelongen an d'Geschicht vun Jason a Lucia léisst een zu all Moment mat deenen Zwee matféiweren.