
Am Mëttelpunkt steet och dës Kéier d'Iddi, eng Transportfirma vun Null un opzebauen. De Spiller verbënnt Stied mateneen, transportéiert Passagéier a Wueren a muss dobäi ëmmer en An op d'Finanze behalen. Wat de Reseau méi grouss gëtt, wat och d'Problemer méi grouss ginn. Eng Linn, déi am Ufank nach rentabel ass, ka spéider op eemol Verloschter maachen, wann d'Demande sech ännert oder de Verkéier ufänkt ze stauen.
Genee dëse wirtschaftlechen Deel spillt am neien "Transport Fever" eng méi grouss Roll. Et geet net méi nëmmen dorëms, esou vill Gefierer wéi méiglech op d'Strooss oder d'Schinn ze setzen. Käschten, Ënnerhalt, d'Entwécklung vun de Stied an d'Versuergung vun Industrien hänken däitlech méi enk mateneen zesummen. Eng schlecht geplangte Streck kann domat séier de ganzen Transportbetrib mat erofzéien.
Dat kléngt ufanks vläicht komplizéiert, mee genee doranner läit och ee vun de grousse Reizer vum Spill. Wann eng Linn net funktionéiert, muss een erausfannen, firwat. Sinn ze wéineg Passagéier ënnerwee? Sinn d'Strecken ze laang? Sinn d'Zich ze kleng? Oder ass den Tram einfach an engem Stau blockéiert?
Fir dës Problemer ze léisen, bitt "Transport Fever 3" méi Kontroll iwwer d'Infrastruktur. Stroossen a Verkéiersféierunge kënne méi präzis ugepasst ginn a virun allem bei méi grousse Stied gëtt dat séier wichteg. Wat am Ufank nach wéi eng einfach Kräizung ausgesäit, kann e puer Spillstonne méi spéit schonn zu engem komplette Verkéiersknuet ginn, deen duerch eng individuell Upassunge vun de Gréng- a Routphasen geléist ka gi.
Och d'Stied selwer bleiwen net einfach stoe. Si entwéckele sech zesumme mam Transportnetz a weisen domat och visuell, wéi gutt déi eege Planung funktionéiert. Vill Passagéier bedeite méi Liewen op de Statiounen, méi Verkéier op de Stroossen an eng Welt, déi sech ëmmer méi staark no den eegene Verbindungen entwéckelt. Kaméidi, duerch Gefierer oder Fliger huet och en Afloss op d'Qualitéit vun der betraffener Regioun.
Dat ass och visuell ee vun de Momenter, déi "Transport Fever 3" esou interessant maachen. D'Spill ass zwar virun allem eng Wirtschaftssimulatioun, mee heiansdo vergësst een dat a kuckt einfach nëmmen dem eegene Reseau no. Zich fueren duerch d'Landschaft, Busser stiechen am Stadverkéier fest, Camionen transportéieren hir Wuere vun enger Industrie bei déi nächst an de Fliger kraazt bei der Landung sou knapp iwwer di kleng Gebiergsketten.
Dobäi kënnt eng grouss Auswiel u Gefierer aus verschiddenen Zäiten. Vun den éischte Motorkutschen a Lokomotive bis bei modern Transportmëttel entwéckelt sech d'Spill parallel mat der technologescher Entwécklung. Dëst mécht och den Ausbau vum eegene Betrib zu enger klenger Rees duerch d'Geschicht vum Transport, déi fréistens am Joer 1900 start, op Wonsch kann de Spiller awer och en anert Joerzéngt fir säi Spill wielen.
Ganz nei ass d'Spillprinzip also net. An dat dierft virun allem Spiller opfalen, déi scho vill Zäit mat "Transport Fever 2" verbruecht hunn. Vill Elementer kommen engem direkt bekannt vir. Urban Games huet éischter probéiert, déi bestoend Formel weider auszebauen an ze verfeineren, amplaz de ganze System nei ze erfannen.
Dat fänkt scho beim Interface un. D'Informatioune sinn elo méi kloer opbereet, wat et méi einfach mécht, sech duerch déi vill Menue an Optiounen ze schaffen. Trotzdeem bleift "Transport Fever 3" e Spill, bei deem ee sech muss eraschaffen. Fir Ufänger kann d'Quantitéit un Informatiounen an Optiounen am Ufank zimmlech iwwerwältegend sinn, an den Affichage vun de Linne schnell zur Konfusioun féieren.
D'Campagne probéiert dëse Problem e bëssen ofzefiederen a féiert de Spiller duerch verschidden Zenarien. Déi déngen dobäi net nëmmen als Geschicht, mee och als eng Aart verlängerten Tutorial. Wien awer wierklech wëll säin eegent Transport-Imperium opbauen, wäert fréier oder spéider am fräie Spillmodus landen.
An do läit dann och déi grouss Stäerkt vum Spill: "Transport Fever 3" kann een esou seriö oder esou entspaant spillen, wéi een et selwer wëll. Déi eng Persoun wäert sech Stonnen domat beschäftegen, déi perfekt Eisebunnslinn ze bauen. Déi aner wëll einfach eng flott Stad mat Trammen a Busser duerchzéien. An erëm eng aner verbréngt méi Zäit domat, d’Industrieketten esou effizient wéi méiglech ze organiséieren.
Net alles funktionéiert dobäi perfekt. Kleng Interface-Problemer, technesch Aussetzer an e puer Momenter, an deenen net direkt kloer ass, firwat eng Linn net esou funktionéiert wéi erwaart, kënnen de Spillfloss stéieren. Virun allem bei grousse Stied an engem ëmmer méi komplexe Reseau kann d'Gestioun séier an Aarbecht ausaarten.
Trotzdeem bleift den zentrale Prinzip extrem motivéierend: Et gëtt bal ëmmer nach eppes ze optimiséieren. Eng nei Fluglinn, eng méi grouss Gare, e méi effizienten Zuch oder einfach eng besser Verkéiersféierung. An och wann de Reseau scho funktionéiert, kënnt séier de Gedanken: "Dat kéint dach nach besser goen."
"Transport Fever 3" ass domat virun allem eng konsequent Weiderentwécklung vun deem, wat d’Serie bis elo ausgemaach huet. D’Spill wëll net alles nei maachen, mee d’Welt méi dynamesch, d’Wirtschaft méi wichteg an d’Gestioun méi detailléiert maachen.
Fir Fans vun der Serie gëtt et domat vill Bekanntes, mee och genuch Neies, fir nach emol Stonnen an den Ausbau vum eegenen Transportnetz ze investéieren. A fir all déi, déi scho beim Gedanken un Zuchstrecken, Buslinnen a Camionsrouten e bësse kriddeleg an de Fangere ginn, gëtt et souwisou nëmmen eng Fro: Wéi séier kann déi nächst Stad u mäin Transportnetz ugeschloss ginn?
Disponibel ab dem 29.09.2026 ob PC (Steam, Epic Games Store, GOG), PS5 an XBOX Series X|S.