
Dee Klenge gëtt zanter senger Gebuert de Weekend mat enger spezieller Kazemëllech aus der Fläsch gefiddert, well seng Mamm net an der Lag ass, hiren Nowuess ze versuergen, esou den Direkter vum Zoo Eduardo Sacasa.
De weiblechen Tigerbëbee, deen nach keen Numm huet, mécht eng “schwéier Zäit” duerch, vue dass e kee Kolostrum zou sech hëlt, fir eng natierlech Immunitéit ze bilden. Hei handelt et sech ëm eng besonnesch närstoffräich Mëllech, déi Mamendéiere kuerz no der Gebuert fir hiren Nowuess produzéieren.

Fir den Zoo ass et schonn dee véierten Tiger-Nowuess: D’Mamm Dalila hat am Dezember e wäissen Tiger op d’Welt bruecht, deen allerdéngs zwou Wochen drop un Otemproblemer gestuerwen ass. Weider Klenger vun aneren Tigermudderen hunn an dësem Zoo d’Liicht vun der Welt erbléckst.
De bengaleschen Tiger steet op der Rouder Lëscht vun der Weltnaturschutzunioun IUCN a gëllt als vum Ausstierwe bedrot. Déi Haaptgrënn heifir sinn d’Verschwanne vu sengem natierleche Liewensraum an Asien an d’Juegd op Tiger.