RTL JobdagGesellschafterin + Kommunikatioun op der Sich

Patrick Greis
Vergiesst net ären CV
© RTL

Dësen Donneschdeg ass RTL Jobdag. Dann héiert Dir hei um Radio all Stonn 2 Patronen déi hir fräi Plazen besetze wëllen. 100 verschidden Entreprisen maache sech géigesäiteg e bëssche Konkurrenz a sichen alleguer no motivéierte Kandidate fir bei Si schaffen ze kommen. Zanter e Méindeg stelle mer Iech hei um Radio awer och all Dag Leit vir, déi op sech opmierksam maache wëlle well se duerch iergend en Ëmstand keng Plaz méi hunn, awer sou séier wéi méiglech nees an der Aarbecht wëlle sinn. De Patrick Greis stellt Iech d’Bonnie an de Philippe vir.

© Patrick Greis

Fir d’Bonnie ass déi Aarbecht net just eng Aarbecht, mee eng Erfëllung.
Ganz nei ass dee Beräich hier awer net.
Si wëll kenge bestoende Servicer Konkurrenz maachen, mee si gesäit kloer Virdeeler.

Beim Philippe geet d’Sich an eng ganz aner Richtung.

© Patrick Greis

Experienz huet en, wann e sech och elo verännere wëll.
2 Méint schafft de Philippe elo net méi, awer et gëtt héich Zäit dass nees eppes kënnt, wann och eppes Neits.

An der City Concorde fannt Dir dësen Donneschdeg 100 Betriber déi am groussen rekrutéiere wëllen. Op jobdag.lu kënnt der Iech och schonn elo informéieren, wéi eng Patronen dat sinn an et gëtt e Plang wou se genee ze fanne sinn. Donieft gëtt et op der selwechter Internetsäit elo schonn iwwer 6.000 fräi Plazen dem Beräich no klasséiert. Rendez-vous muer vun 8 bis 18h riicht duerch um RTL Jobdag an der City Concorde.

Gesellschafterin + Kommunikatioun

Back to Top
CIM LOGO