TripartiteRiskéiert de Mindestloun en Dealbreaker ze ginn?

Pierre Jans
D'Thema Mindestloun hat e Mëttwoch fir éischt Onstëmmegkeete bei den Tripartiteverhandlunge gesuergt. RTL-Informatiounen no leien d'Propositiounen, déi vun der Regierung aktuell um Dësch leien an d'Fuerderunge vun der Gewerkschaftsunioun ganz wäit auserneen.
© SIP / Frédéric Sierakowski

Am Virfeld war scho kloer, dass de Mindestloun grousst Konfliktpotential huet. D'Patronat hat däitlech gemaach, dass déi meescht Betriber aus alle Secteuren eng strukturell Hausse vum Mindestloun net verdroe géifen. OGBL an LCGB haten 300 Euro méi gefuerdert. An op Drock vun hinnen huet de Premier Luc Frieden dat däregt Thema mat op Senneng bruecht, dat eise Sourcen no nach fir komplizéiert Diskussioune suerge kéint.

Béid Gewerkschaftspresidenten Nora Back a Patrick Dury hate sech virun de Reuniounen um Sennenger Schlass oppe gewise fir Kompromësser bei deem Thema. Eise Sourcen no froe si eng substantiell Hausse vun 200 Euro de Mount, plus dat wat d'Regierung am Mäerz annoncéiert hat. Dat war, dass de Mindestloun fir den 1. Januar 2027 ëm 3,8 Prozent no uewen ugepasst gëtt. Also ronn 105 Euro. Dobäi kënnt jo nach d'Indextranche fir jiddereen.

De Premier Luc Frieden huet e Mëttwoch op der Pressekonferenz no der Reunioun erkläert, eng strukturell Hausse, déi iwwer dat erausgeet, wat d'Regierung rezent decidéiert hat, kéint een de Betriber net zoumudden. Wéi RTL vu méi Sourcë weess, hat d'Regierung e Mëttwoch proposéiert, iwwer e Steierkredit déi schonn annoncéiert Hausse op 200 Euro opzeronnen.

Eng Differenz vu ronn 100 Euro zu de Fuerderunge vun der Gewerkschaftsunioun.

OGBL an LCGB goung dat eise Sourcen no net duer. E Mëttwoch ware si net mam Premier virun d'Journaliste komm, mä souze wärend der Pressekonferenz an engem Sall niewendrun. An de Luc Frieden hat schonn annoncéiert, dass d‘Ministeren nei, respektiv aner Léisunge géife sichen, fir de Sozialpartner en Donneschdeg ze presentéieren.

Ëmmerhi misst een de Betriber, awer och de Leit mat niddrege Salairen hëllefen, dat wéist d'Regierung, esou de Premier. Et läit also elo un der Regierung, fir d'Gewerkschaften an d'Patronat net beim Thema Mindestloun ze verléieren. Op der Tripartite sollen dem Premier no jo eigentlech primär Weeër fonnt ginn, fir d‘Inflatioun wéinst der Hausse vun den Energiepräisser ze bremsen. Einfach gëtt dat net, déi zwou Säite beim Mindestloun beieneen ze bréngen, wéi de Premier scho selwer betount hat.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO