President vun der Klammfederatioun"De mënschleche Feeler kann een ni honnertprozenteg ausschléissen"

Pierre Weimerskirch
En Dënschdegowend ass e Mann vu 37 Joer an enger Klammhal zu Zolwer ëm d’Liewe komm. Déi genee Ëmstänn vum Accident soll eng Enquête klären. Am RTL-Interview geet de President vun der Klammfederatioun op d’Gefore vum Klammen an op Méiglechkeeten, fir de Sport méi sécher ze maachen, an.
De Mann war mat engem sougenannten Auto-Belay-System geklotert, engem Mechanismus, deen de Klammpartner ersetzt.
An de Kloterhale gëtt op ville Plaze gewise, wéi ee sech richteg ofséchert.
© Domingos Oliveira / RTL

Wann esou tragesch Tëschefäll geschéien, wou eng Persoun sech blesséiert oder esouguer stierft, wier dat traureg an et géif ee selbstverständlech un d’Affer, d’Frënn a Famillen denken, esou de Jacques Welter, President vun der FLERA. Et kéint een awer zum Gléck soen, dass et net esou dacks tragesch Accidenter gëtt.

“Obscho jo offensichtlech och en objektive Risiko dobäi ass. Deen een natierlech op e Maximum probéiert ze minimiséieren. Mee de mënschleche Feeler kann een am Fong elo ni honnertprozenteg ausschléissen.”

Wien ass d'FLERA?

Accidenter ginn ëmmer am Detail analyséiert

D'Federatioun géif all Accident och am Detail analyséieren. Sou zum Beispill och den Tëschefall mat engem hollänneschen Tourist am Oktober 2025 zu Bäerdref. Do ass och de Rettungshelikopter an den Asaz komm.

"Déi Saach ass ganz am Detail analyséiert ginn, gekuckt ginn, wat kënne mer do änneren, fir dass op där Plaz do näischt méi oder esou en Accident net méi geschitt. Mee no allen Analysen hu mer festgestallt, dass de Problem beim Kletterer war a mer u sech net esou vill maachen.”

D'Federatioun huet allerdéngs elo rezent e Best-Practice-Dokument zesummegestallt, dat an de Klipp an den Hale verdeelt gouf. Och an de jeeweilegen Hale géife grouss Plakater hänken, déi engem weisen, op wat een oppasse muss. Et géif awer ëmmer e Risiko bleiwen.

Auto-Belay-System ganz beléift an den Halen

Den Auto-Belay wier nach relativ rezent, esou de President vun der FLERA. An den Hale wier dëse System ëmmer méi an den Asaz komm. Am Klammsport gëtt an der Reegel zu Zwee geklommen, do géif och de sougenannte Partnercheck gemaach ginn. Also, dass ee géigesäiteg kuckt, ob alles richteg ass.

Den Auto-Belay wier elo e System, wou ee kee Partner méi brauch.

“Et geet een dohinner an et streckt ee sech un an et gëtt ee vun engem Automat geséchert. Mee de Klettergurt muss awer dann nach op der richteger Plaz festgemaach ginn.”

Klammsport méi sécher maachen

D'Federatioun wier och an de Schoulen aktiv, fir Opklärung ze maachen an et hätt een och e Kletterschäin agefouert.

“Et muss een awer éierlech soen, also et ass net esou, well ee méi Erfarung huet, wat een da geimpft ass virun deene Risiken oder virun deene Geforen. Oft geschéien och domm Feeler bei ganz erfuerene Kloterer.”

Back to Top
CIM LOGO