HolzgerlingenHappyend fir single Schwan no Partnerannonce am Internet

RTL Lëtzebuerg
Mat enger Annonce ass a ganz Däitschland no enger Partnerin fir den Hänsel Junior gesicht ginn.
© AFP

D’Stad Holzgerlingen huet iwwert de Wee vun enger Annonce um Internet versicht, dem Hänsel Junior eng Partnerin ze sichen, well hien einsam gewierkt huet. Dat war uganks Mee. Dräi Woche méi spéit war et dunn esou wäit: Den Hänsel huet si fir déi éischte Kéier gesinn an et war Léift op den éischte Bléck. Seng Madamm, déi 1 Joer al ass, kënnt aus enger Zuuchtstatioun fir wëll Vigel vu Westhausen. Si huet elo den Numm Gretel kritt. Zu zwee kënne si dann elo ronderëm d’Buerg Kalteneck schwammen.

D’Aktioun vun der Gemeng am Kreis Böblingen war och dofir geduecht, fir hiren Awunner eppes fir ze laachen ze bidden. An der Annonce huet et geheescht, datt e Schwan gesicht gëtt fir 24/7. Am Package mat dra wär eng Hochzäit an der Buerg, en Ënnerdaach mat enger Schwämm, engem grousse Gaart, 2 waarme Moolzechte pro Dag a Fleeg fir de Rescht vum Liewen. Dat Ganzt hat vill Succès an de soziale Medien an Offere sinn ënner anerem och vu Köln a vun Hamburg komm.

Back to Top
CIM LOGO