Lëtzebuerg a GrenzregiounHaus-, Notz- a wëll Déiere goufen aus dem Héichwaasser gerett

RTL Lëtzebuerg
Bei de Rettungsaktioune gouf versicht, d’Déieren a Sécherheet ze bréngen, déi Blesséiert ze fleegen an hire Proprietär erëmzefannen.
© Freiwillige Feuerwehr Xanten

Bei der Naturkatastroph am Juli hunn och Déieren hei am Land misse gerett ginn. E geneeë Chiffer, wéi vill Déieren dovunner betraff waren, ass net bekannt. Am Noutfall geet et dorëms, d’Déieren esou séier wéi méiglech a Sécherheet ze bréngen. D’Dokumentatioun spillt do eng Nieweroll. Hei am Land sinn eng ganz Rei Déiere vun de Pompjeeën, déi op der Plaz waren, a Sécherheet bruecht ginn, esou d’Nathalie Schumann vum Service Communication vum CGDIS.

Ënner anerem hunn och missen d’Therapiepäerd vun der Association Thérapie Equestre ATE vu Monnerech, mëttwochs, de 14. Juli evakuéiert ginn. Iwwer d’Trottoiren an d’Stroossen hunn eng ganz Rei vun hire Benevolen déi 10 Therapiepäerd am Reen an an der Däischtert an en eidele Stall bruecht, deen och zu Monnerech ass. De Proprietär vun deem Stall war direkt domadder averstanen, fir hinnen op dësem Wee ze hëllefen, esou d’Françoise Folmer. Samschdes konnten d’Päerd erëm an hire Stall an op e klengen Deel vun der Wiss, déi net iwwerschwemmt war, zeréckbruecht ginn. Den Ament ass just dat Néidegst fäerdeg. Bis de September hoffe si, datt erëm alles an der Rei ass.

Rettung vun Déieren am noen däitsche Grenzgebitt

D’Géigend hei vir an Däitschland, Nordrhein-Westfalen a Rheinland Pfalz ware besonnesch uerg betraff. Nieft immens héijem Materialschued goufen et och vill Doudeger a Blesséierter. Zënter den Iwwerschwemmungen hunn Déiereschützer vu méi Organisatiounen och alles versicht, fir den Déieren an Nout an hire Proprietären ze hëllefen, dorënner “Dogman Tierhilfe”, “Tierrettung Unterland”, “Tierrettung Rhein Neckar”, “Tierrettung LV Südbaden” an den “Tiersicherungsdienst Frank Weisskirchen”.

D’”Dogmann Tierhilfe” hat zum Beispill an engem Dag ongeféier 50 Déieren aus dem Ahrtal a Sécherheet bruecht, déi nach an den Haiser waren, déi evakuéiert gi waren. Si hate sech och em 250 Dauwe bekëmmert. Iwwer 60 Hausdéiere goufe vun de Pompjeeën zu Trier-Ehrang gerett. D’Déiereschützer hunn och Weiere missen auspompelen, déi mat Bulli, Bensinn an Ueleg verknascht waren. Esou konnten dann och Fësch, wéi Koien, gerett ginn. Déi Leit, déi iwwerstierzt hu missen hir Wunnenge verloossen an dowéinst hiert Hausdéier hu missen zeréckloossen, hunn den Déiereschützer hir Hausschlëssele ginn. Déi sinn da mat Sécherheetskleedung a mam néidegen Equipement d’Déiere siche gaangen. Bei den Déieren, fir déi all Hëllef ze spéit komm ass, gouf versicht, de Proprietär z’ermëttelen, fir deen doriwwer z’informéieren.

Nodeems d’Déiere gerett an déi blesséiert Déiere versuergt goufen, si se a verschiddenen Déierenasyler ënnerbruecht ginn, bis hir respektiv Mënschen erëm fonnt goufen. Et ginn och Déieren, déi nach weiderhin am Asyl bleiwen, bis hir Leit erëm d’Méiglechkeet hunn, fir se bei sech opzehuelen. Den Deutscher Tierschutzbund hëlleft den Déiereschützer op der Plaz op finanziellem an och logisteschem Niveau, esou d’Hester Pommerening. Si haten hinne Containere fir ze schlofen dohinner gestallt. Eege Mataarbechter hunn d’Leit op der Plaz ënnerstëtzt a si hunn déi néideg Hëllefsmëttel kritt, déi gebraucht goufen. Déierenasyler an Déiereschutzorganisatiounen aus anere Regiounen hunn ënner anerem mat Fudder gespent. Déi Asyler, déi keng Sue méi hunn, déi gi vum Deutscher Tierschutzbund finanziell ënnerstëtzt, fir zum Beispill d’Fraise vun de Veterinären ze bezuelen.

Wëll Déieren an Nout

Duerch d’Iwwerschwemmunge sinn och wëll Déieren an Nout geroden. Niewent Kanéngercher hunn och Huesen, jonk Villercher oder Réi missen a Sécherheet bruecht ginn. D’”Dogman Tierhilfe” huet sech zum Beispill och ëm eng Zwergflantermaus gekëmmert. Déi Leit, déi spadséiere ginn, solle vun den Ufere vun de Flëss ewechbleiwen. Déi wëll Déieren hunn nämlech duerch d’Iwwerschwemmunge manner Plazen, wou si sech verstoppe kënnen, erkläert d’Hester Pommerening. Wa si erféiert ginn, da riskéiere si voller Panik an d’Waasser ze lafen an och eventuell z’erdrénken, obwuel se schwamme kënnen.

Back to Top
CIM LOGO