
Bei 67 Prozent vun den ënnersichte Kazen an 43 Prozent vun den Hënn wieren Antikierper fonnt ginn, déi op eng iwwerstanen Infektioun géifen hindeiten. D’Déieren hate mat infizéierte Mënschen zesummegelieft. Dës Resultater presentéiert déi kanadesch Déieremedezinnerin Dorothee Bienzle um Europäesche Kongress fir klinesch Mikrobiologie an Infektiounskrankheeten.
20 Prozent vun den Hënn a 27 Prozent vun de Kazen hätte Symptomer gehat. Dat goung vun Appetit- an Energielosegkeet iwwer Houscht, Schnapp, Otemproblemer an Duerchfall.
Och d’Déieremedezinnerin Els Broens vun der Universitéit Utrecht huet Infektioune bei Hausdéieren nogewisen. Bei ronn all fënneftem Déier war de PCR- oder Antikierpertest positiv. D’Haaptsuerg wier awer net d’Gesondheet vun den Déieren - si hätte just liicht Symptomer gehat - ma vill méi de potenzielle Risiko, datt Hausdéieren zum “Reservoir vum Virus” ginn an dësen erëm an d’Populatioun aschleefe kéinten. Bis ewell wieren awer glécklecherweis keng Iwwerdrounge vun Hausdéieren op Mënschen bekannt ginn.
