
Och dëst Joer organiséiert d’Schwämm vu Beefort nees en Dag fir d’Véierbeener an hirer oppener Schwämm, un deem d’Hënn an hir Meeschter déi ganz Fläch dierfe benotzen.
Opgrond vu Covid-19 muss ee sech just kuerz virdrun umellen, fir mat sengem Hond kënne schwammen ze goen.