No gelongenem AktHoffnung op Panda-Nowuess a franséischem Zoo

RTL Lëtzebuerg
An engem franséischen Zoo huet de gelongene Libesakt tëscht zwee Risepandaen Hoffnung op seelenen Nowuess ginn.
© AFP/Guillaume SOUVANT

D’Risepanda-Weibchen Huan Huan gouf de Weekend ganzer 8 Mol mam Männchen Yuan Zi “a Kontakt bruecht”, wéi den Zoo zu Beauval am Zentrum vu Frankräich matgedeelt huet. Dobäi hätte sech d’Déieren “kooperativ an zimmlech aktiv” gewisen.

Den 12 Joer ale Männchen Yuan Zi wier Informatiounen no “méi entspaant” un déi ganz Saach erugaangen, wéi nach déi Jore virdrun. D’Weibchen Huan Huan, dat och 12 Joer huet, wier iwwerdeems “immens interesséiert” gewiescht. Ob den Austausch vun Intimitéiten och seng Friichte gedroen huet, muss sech nach weisen.

An de leschte Wochen hat d’Huan Huan nawell dacks Bereetschaft signaléiert, zum Beispill duerch een heest Brummen. Weiblech Pandae si just 3 Mol am Joer fruchtbar, an dat och nëmme fir 48 Stonnen. A Fräiheet kréie Pandaen all 2 Joer Nowuess. Am Zoo gëtt dat meeschtens näischt, well d’Zäitfënster ze enk ass a männlch Pandaen wéinst Manktem u Partnerinnen entweder den Interessi um Libesspill verléieren oder och einfach net méi wëssen, wéi et geet.

Ëmsou méi Luef gëtt et elo fir de Yuan Zi. Hien hätt an de leschte Jore “Fortschrëtter a Saache Léift gemaach”, sot de Chef-Veterinaire aus dem Zoo. “Hie weess elo besser, wat hie maache muss”.

Back to Top
CIM LOGO