GroussbritannienHonnerte Kazen u rarer Krankheet gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 300 Kaze sinn op der brittescher Insel un der sougenannter Panzytopenie gestuerwen, dat op alle Fall mellt Sky News en Donneschdeg.
© AFP (Archiv)

Dobäi beruffe sech déi brittesch Kolleegen op Déiderendoktervereenegung Royal Veterinary College.

Op d’mannst 330 Déiere wiere scho gestuerwen, eng 500 ginn nach behandelt. D’Donkelziffer fir doudeg Déiere kéinten awer nach vill méi héich leien, well net all Veterinär seng Daten un de College weidergëtt.

D’Panzytopenie kann den Dokteren no an Zesummenhang mat kontaminéiertem Kazefudder stoen. D’Unzuel vun de rouden a wäisse Bluttkierpercher hëlt bei den infizéierten Déiere séier of, wat déidlech Suitte kann hunn. Verschidden Dréchefudder goufe scho aus Virsiicht aus de Regaler geholl an zeréckgeruff.

Vun de Liewensmëttelautoritéiten heescht et awer, datt et keng Indicen drop ginn, datt den Ausbroch och fir de Mënsch zu enger Gefor géif ginn.

Back to Top
CIM LOGO