Reptilien zu LëtzebuergInitiativ vum Naturmusée a vum SIAS: D’Erhale vun der Aartevillfalt

RTL Lëtzebuerg
Jidderee kann hëllefen: wann een hei am Land an der Natur Reptilie gesäit, kann een déi iwwert de Wee vun enger App oder engem Internetsite mellen.
© SIAS

Den Naturmusée an den SIAS, de Syndicat intercommunal à vocation multiple, wëllen d’Leit motivéiere fir hinnen hir Observatioune matzedeelen, wa si e Reptil hei am Land an der Natur gesinn. Engersäits geet et dorëms, fir erauszefannen, wéi verbreet déi verschidden Aarte sinn an anerersäits fir d’Leit iwwert déi Déieren opzeklären. Wou liewe se, wéi enge Gefore si si ausgesat a wéi kënne se geschützt ginn, esou den Tom Dall’Armellina vum SIAS. Am Allgemenge sinn déi Reptilie schei a besonnesch iwwer d’Schlingnatter sinn aus dësem Grond net vill Plaze bekannt, wou si sech ophält. Si verstoppt sech och gären déif an den Dréchemaueren. Si steet ënner Naturschutz an ass virum ausstierwe bedreet. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, esou vill wéi méiglech Informatiounen iwwert se sammelen. D’Zil ass et, fir se da besser schützen ze kënnen. Weider Liewensraim kënne fir si geschaaft ginn, wéi Dréchemaueren a Steekéip.

Ëm wéi eng Reptilien handelt et sech?

Et geet ëm 3 Eidechsen, 2 Schlaangen an d’Blindschleich.

Wou kann een déi Observatiounen a ginn?

Déi Informatioune kann een op der App iNaturalist.lu (iOS oder Android) oder op dëser Säit vum Naturmusée aginn. Woubäi d’App de prakteschste Wee ass, fir déi Informatiounen anzedroen. Direkt op der Plaz kann ee mam Smartphone eng Foto maachen. Niewent dem Datum ass et och wichteg, déi genee Plaz unzeginn (GPS), wou een dat Déierche gesinn huet. Et kann ee sech och am Virfeld e perséinleche Kont ariichten. Deen Ament geet et ëmsou méi séier, fir Donnéeën eropzelueden. Dëst gëllt och wann een des Observatiounen um Computer wëll aginn. Wichteg ass, fir déi Reptilien net unzepaken.

Wat geschitt dann mat deenen Informatiounen?

Als Éischt gëtt an der Datebank vum Naturmusée vun de Wëssenschaftler iwwerpréift, ob et sech och effektiv ëm ee vun deene 6 Reptilien handelt. Duerno schaffe si mat dësen Informatiounen, esou den Tom Dall’Armellina. Wat méi Leit matmaachen, wat och méi Plaze kënne lokaliséiert ginn, wou sech déi Reptilien ophalen. Besonnesch am Fall vun der Schlingnatter ass dat wichteg. Esou kënnen da gezielt Schutzmoossname geplangt ginn, fir hir méi Liewensraim ze bidden, wou si sech verstoppe respektiv sonne kann. Do ka si dann och Mauereidechse fannen, déi op hirem Menü stinn. Déi sinn och op Fassaden oder anere waarmen Uewerfläche ze fannen. D’Blindschleichen oder och Blannschlécher genannt verstoppe sech gären ënner Steng. Iwwer déi genee Standuerter, wou d’Reptilie sech ophalen, ass eben nach net vill gewosst.

PDF: Flyer Reptilien

Back to Top
CIM LOGO