Imker-BoomInternationale Beien-Dag - Et ginn ëmmer méi Imker zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Déi europäesch Unioun ass weltwäit den zweetgréissten Hunnegproduzent an och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Imker a mëttlerweil bal 8.000 Ruchen.
Et ginn ëmmer méi Imker zu Lëtzebuerg
Déi europäesch Unioun ass weltwäit den zweetgréissten Hunnegproduzent an och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Imker a mëttlerweil bal 8.000 Ruchen.

470 Imker ginn et den Ament zu Lëtzebuerg, déi grouss Majoritéit dovun sinn Hobby-Imker, ma fir verschiddener ass et zum Beruff ginn. Den Hugo Zeler ass ee vun hinnen. De Franco-Lëtzebuerger ass am Grand-Duché gebuer, schafft exklusiv hei an him gehéieren eng 100 Ruchen an allen Ecker vum Land. 80% vu senge Ruche stinn a Lëtzebuerger Stied, wouwéinst hie sech als urbanen Imker bezeechent. De Gros vu senge Kolonië sinn op den Diech vun Entreprisen, Schoulen oder Spideeler ugesidelt. Hie këmmert sech ëm d’Deklaratioun an den Entretien vun all Ruchen a beliwwert d’Entreprise als Géigeleeschtung zum Loyer mat Hunneg. Mat senge Ruchen, déi en an der Stad installéiert huet, hofft hien, de Bléck op d’Beien, d’Biodiversitéit an dat urbaant Imkeren ze veränneren.

D’Alexandra Arendt ass eigentlech Biologin, ma zanter 20 Joer och passionéiert Hobby-Imkerin. Si schätzt un hirer Fräizäitbeschäftegung, dass se net just meditativ wierkt, ma ee gläichzäiteg eppes Sënnvolles produzéiere kann an eppes Guddes fir d’Natur mécht, andeems ee géint d’Beiestierwen ukämpft. A mat hirem Engagement schéngt d’Alexandra am Trend ze leien: An de leschten 10 Joer huet sech d’Zuel vun den Imker zu Lëtzebuerg bal verduebelt.

Back to Top
CIM LOGO