Är Aufgaben :
• Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
• Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
• Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
• Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
• Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
• Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
• Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Äre Profil:
• Dir hutt en unerkannten Diplom als Agent éducatif oder en unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der „autorisation d‘exercer“ oder eng Equivalenz
• Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
• Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
• Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
• Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
• Führerschäin (B)
• Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
Mir bidden:
• Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
• Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen
• Weiderbildungen, Fallsupervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik)
• Remuneratioun an Reegelung vun den Aarbechtszäite laut SAS Kollektivvertrag CCT-SAS
• Sympass Kaart
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
• Liewenslaf mat Foto
• Motivatiounsbréif
• Kopie vum Diplom
• Droit d'excercer (fir den Educateur diplômé)
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot
Virgeschloene Kontrakt:
| Unzuel vu Plazen : | 1 |
| Typ vum Kontrakt: | CDD |
|
| Plaz vun der Schaff : | MERSCH |
| Stonne pro Woch : | 30 h |
Verlaangte Profil:
|
|
| Führerschäin : | B |
| Verlaangte Sproochen : | Luxembourgish - C French - C German - C |
Kontakt :
- 10,Rue Hermann Gmeiner
L-7534Mersch
Wou kann een sech mellen :